Bilan ADR-FraktiounAlphabetiséierung op Franséisch misst op Äis geluecht ginn.

Pit Everling
De Projet Alpha muss op Äis geluecht ginn. Dat verlaangt d'ADR.
© René Pfeiffer

De Projet Alpha muss op Äis geluecht ginn. Dat verlaangt d'ADR. D'Fraktioun huet vis-à-vis vun der Press de Bilan vum Chamberjoer gezunn an nawell net mat Kritik un der Regierung- a mat Luef fir sech selwer gespuert.

Virun allem goung et op der Schéiss ëm d'Schoul an ëm d'Alphabetiséierung op Franséisch. Do géif et en neie Moment ginn, sou de Fraktiounspresident Fred Keup, nämlech d'Rapporte vum "Luxembourg Centre for Educational Testing", déi de Projet Alpha begleede sollen an an deene mitigéiert Conclusioune gezu ginn. Och wann den Educatiounsministère dat elo wéilt schéi schwätzen, sou wier et ganz kloer, datt probéiert gi wier, dëst Dokument ënner Verschloss ze halen, seet de Fred Keup.

"Well an der Etüd d'Politik vum Här Meisch net guttgeheescht gëtt, mee au contraire dat Ganzt a Fro gestallt gëtt. An där Etüd gouf nämlech festgestallt, dass et kee wierkleche Mehrwert gëtt bei där franséischer Alphabetiséierung."

Fir d'ADR ass et kloer, datt de Projet Alpha net wéi geplangt fir déi nächst Rentrée däerf agefouert ginn an datt muss ofgewaart ginn. Hie wier awer iwwerzeegt, datt den Educatiounsminister Claude Meisch géing versichen, fir de Projet duerch ze boxen, seet de Fred Keup, deen dem Claude Meisch eng gewëss Agenda fir eng Frankophoniséierung vum Land ënnerstellt.

De Logement, de Besoin fir strukturell Reformen oder d'Evolutioun vun de Staatsfinanze ware keng gréisser Sujeten op der Schéiss. Wa bei den Ausgaben den Hiewel ugesat sollt ginn, da kéinte bei de Klima-Mesuren Aspuerunge gemaach ginn, sou de Fred Keup, zum Beispill bei Subsiden. Manner Klima-Obligatioune wieren och e Rezept fir méi séier Logement ze bauen, fënnt d'ADR.

Dat si Proposen, déi vun de meeschten anere Fraktiounen a Sensibilitéiten net voll a ganz dierfte gedeelt ginn. Effektiv wier een dacks déi eenzeg Fraktioun, déi aner Vuë géing vertrieden, sou de Fred Keup.
D'ADR wier dowéinst wichteg fir d'Demokratie.

"Mat der ADR ass d'Demokratie zu Lëtzebuerg méi räich. A wa mir net do wieren, da géif och eppes feelen. Well Dir hutt oft Ofstëmmungen, déi sinn 55 zu 5. Ma wann Der Iech elo géift virstellen, wa mer net do wieren, da wier et 60 zu 0 an da wier mol keng alternativ Stëmm bei verschiddene Projeten do"

Och wier et der ADR-Fraktioun ze verdanken, datt keng Unisex-Toilette komm sinn. D'ADR plädéiert dann nach fir méi Referendumen a fir eng zueleméisseg méi grouss Chamber

"Am Ganze si mer zu 25 Deputéiert vun der Oppositioun. Eleng 16 Ministeren. An dat ass e Gläichgewiicht, wat mengen ech net méi gutt ass. A wa mer wëllen d' Demokratie stäerken, wa mer wëllen d' Parlament stäerken, da mengen ech, dass mer och an Zukunft missten eng Kéier driwwer schwätze fir d' Zuel vun Deputéierten eropzeschrauwen."

Um Enn krut d'Press nach de Message mat op de Wee, datt ee fréier an de Medie méi ënnerschiddlech Positionnementer erëm fonnt hätt ewéi haut. D'ADR ass iwwregens géint e Verbuet vu soziale Medien.

Back to Top
CIM LOGO