Feier zu Nidderkuer
An enger Kichen vun engem Appartement hat et gebrannt

© Domingos Oliveira
Kuerz virun 8 Auer gouf an der Rue Gansen zu Nidderkuer e Brand gemellt. An der Kichen vun engem Appartement um Rez-de-chaussée war e Feier ausgebrach.
D'Strooss an Direktioun Nidderkuer war wärend de Läschaarbechte gespaart, ass awer géint 9.20 Auer nees fir den Trafic opgaangen.

© Domingos Oliveira
D'Feier konnt relativ séier geläscht ginn.
Aner Asätz
Zu Käl an der Näerzenger Strooss gouf géint 6.30 Auer eng Persoun ugestouss a verwonnt.
Um Potaaschbierg si kuerz virun 9 Auer zwéin Autoen anenee gerannt. 2 Persoune goufe blesséiert.
Kuerz no 10 hat et zu Duelem um CR226 gerabbelt. Hei ass ee Blesséierten ze bekloen.
Am meeschte gelies