D'Carole Dieschbourg huet ënnerstrach, datt een d’Suerge vun de Bierger eescht géing huelen, a kucken, datt d'Emissiounswäerter agehale ginn.

D'Chamber wier net d'Plaz fir a lafend Autorisatiounsprozeduren anzegräifen, dat huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg en Dënschdeg um Krautmaart betount, nodeems den CSV Deputéierten Marco Schank eng Question élargie iwwert eng geplangten Energiezentral an der Industriezone Lenzweiler gestallt huet.

D'Carole Dieschbourg huet ënnerstrach, datt een d’Suergen vun de Bierger eescht géing huelen, a kucken datt d'Emissiounswäerter agehale ginn. Et géing hei ëm e Betrib goen dee sech an enger regionaler Gewerbezone etabléiert: Et ass um regionalen Syndikat, dem Sicler, deen an sech eleng Propritär vun dësen Terrainen an der Zone d'activité ass. Si sinn dann och fräi fir ze decidéieren, op een engem Betrib eng Erlaabnis gëtt oder net an op en Terrain iwwerlooss gëtt.

AUDIO: D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg

Dem Ëmweltministère géing de Moment näischt virleien wou et ëm d'Verbrennen vun Decheten géing goen, mä ëm natierlecht Holz. Dat vun enger Pelletsfabrik riets wier, och dat wier de Moment nach net offiziell beim Ministère ugefrot an dofir wollt d'Ëmweltministesch zu enger lafender Autorisatiounsprozedur net méi soen.

Ëm wat geet et?

Déi ass an der Industriezone "Op der Sang" zu Lenzweiler geplangt. D'Gemenge Wëntger a Klierf hunn allebéid schonn e Veto géint dës Entreprise ageluecht. De Ball läit elo beim Ëmweltministère, an dee wëll den Dossier net weider kommentéieren.

Mä fänke mer mol vu vir un. D'Entreprise Tarkett, déi schonn an der Industriezone zu Lenzweiler aktiv ass, wëll zesumme mam internationalen Energieversuerger Engie eng Holzverbrennungsanlag, ronn 6 Kilometer vu Klierf fort, bauen. D'Associatioun „Gesond an d'Zukunft“,  eng ASBL vu besuergte Bierger, déi sech schonn 2017 mat Succès géint Kaméidi a Gestank aus der nämmlechter Industriezone agesat huet, schléit och elo nees Alarm.
De President vun der ASBL, Ben Ansay:

Am meeschte Suerge maachen eis natierlech d'Emmissiounen. Dat ass ganz kloer. An enger éischter Phase: wat geschitt an der Anlag? Wei gëtt produzéiert? Engersäits wat gëtt vu Materialien ugeliwwert? Wann een héiert, dass 80,000 Tonnen Holz solle verbrannt ginn, an engem Joer. Dat sinn 10 Camionen den Dag, déi solle kommen. Dat ass net näischt, soen ech mol einfach. An dann déi 10 Camionen, déi stelle plus minus 200 Bamstämm duer? Wou kënnt dat Material hier? Aus wat fir engem Ëmkrees gëtt et geholl?“

Holzverbrennungsanlagen ginn dacks als CO2-neutral verkaaft. Beispiller am Ausland weisen awer: dat si se net. Eigentlech soll Rescht-Holz verbrannt ginn, souzesoen an der Devise vun der Economie Circulaire, alles gëtt genotzt. Mä iergendwann gëtt et net méi genuch Rescht-Holz an da gi Bëscher ofgeholzt. Beem, déi eigentlech C02 ophuelen, ginn ëmgeluecht an dann iwwer honnerte Kilometer mat Camione bei d'Energiezentrale gefouert, erkläert de Ben Ansay. Donieft ass och d'Fro, wéi een Holz verbrannt gëtt, kruzial.

Wann et elo Rescht-Holz ass: wat fir eng Fiichtegkeet huet et? Wann et aalt Holz ass: wat ass imprägnéiert? Wat ass net imprägnéiert? Wat sinn fir Lacken drop? Wat ass d'Holz-Mëschung an der Verbrennungsanlag fir am Fong geholl eng propper Verbrennung ze hunn? An dann de ganz grousse Problem, wat geschitt mat den Äschen? Wat sinn d'Reschter? Wéi vill Prozent Reschter sinn do? An wat geschitt mat den Äschen natierlech déi uewen duerch den Kamäin erausgeet?

Dës Fabréck bräicht och immens vill Waasser fir Energie ze produzéieren. Och do misst d'Gemeng dann eng Léisung fannen, erkläert de President vun der asbl. Et hätt ee keng Garantien, dass proppert Holz verbrannt gëtt, erkläert de Buergermeeschter vu Klierf Emile Eicher. Et hätt een Zweiwel dorunner, dass reegelméisseg Kontrolle géinge gemaach gi vun der Matière, déi erankënnt, ma virun allem déi vill Camione vun de Fournisseuren, déi bei d'Zentrale komme missten, maachen dem Emile Eicher Suergen.

Et ass esou, dass mer den Ament schonn e ganz grousse Problem hunn mam Camionsverkéier. An déi Wëntger an déi Klierfer Gemeng op deenen den Industrie-Terrain läit, sinn allen 2 eigentlech drop aus,  dass mol fir d'éischt Parking geschaaft gëtt, fir déi Camione vun der Strooss ze kréien, wat effektiv geféierlech ass.“

Den Ament stinn d'Camionen an a ronderëm d'Industriezone laanscht d'Stroossen, well se musse waarde bis se op den Terrain vun der Entreprise erandäerfen. Wann e Camion freides Owes ukënnt, muss e bis méindes Moies laanscht d'Strooss waarden, fir duerno kënnen seng Charge ofzelueden. Wuel gemierkt: op der Plaz ginn et weder offiziell Parkingen, nach Sanitär- Anlagen oder Poubellë fir d'Chauffeuren.

Den Appell säitens de Bierger iwwer d'Asbl an der Politik iwwer d'Gemengen ass kloer: keng Holzverbrennungsanlag zu Lenzweiler! Besonnesch wann Etüde weisen, dass des Zort vun Energie-Produktioun 145x méi schiedlech ass wéi déi mam Gas.