
Déi eenzel Perséinlechkeeten hu sech déif betraff gesot, awer och vu flotten Erënnerungen un de Grand-Duc Jean geschwat.
“Ech hunn mengt ganzt politescht Liewen, meng ganz politesch Carrière ënnert dem Règne vum Grand-Duc Jean verfollegt”. Dat sot um Dënschdeg de Moien de fréiere Premier Minister Jacques Santer, deen 1972 als Staatssekretär vum deemolege Staatschef vereedegt gouf.
Och nodeems de Jacques Santer als EU-Kommissiounspresident 1995 op Bréissel gaangen ass, ass d’Relatioun tëscht dem Jacques Santer an dem Grand-Duc Jean net ofgebrach.
„Ech sinn hie mol heiansdo besiche komm op Fëschbech. Hien war ëmmer ganz frou wann een bei hie komm ass fir zwanglos Gespréich ze hunn an dat war ëmmer ganz agreabel. An dir wësst jo, a sengem Alter huet hien sech un d’Mole ginn an dunn huet hie mer och een Tableau vun him geschenkt iwwer Fëschbech. „Fëschbech am Schnéi“ huet et geheescht. Sou dass mer gutt Relatiounen ëmmer haten. Hien selwer huet sech och fir d’Konscht interesséiert. De MUDAM, den ech senger Zäit inspiréiert hunn an mat ville Schwieregkeete realiséiert ginn ass, dréit jo säin Numm. T’ass de „Musée d’Art Moderne et Contemporain Grand-Duc Jean“. An hien ass och reegelméisseg an de Musée komm fir ze kucke wéi et sengem Musée géif goen. Hien huet sech och nach am spéideren Alter interesséiert. Hien ass jo och Chef Scout gewiescht wat hien ëmmer mat Virléift gemaach huet, muss ech soen. An hien war och do bei deene Feierlechkeeten ëmmer derbäi. An sengem héijen Alter nach. An ech hunn dat ëmmer appreciéiert, dass hien sech ëmmer verbonnen huet mat dem Vollek awer och mat der Jugend vun dësem Vollek. Dat hien sech och dorunner interesséiert an dat huet sech jo och a senger grousser Famill erëm gespigelt.“
Et war eng ganz enk Relatioun, präziséiert de Jacques Santer. An de ganze Jore wou si zesumme geschafft hunn, kéint hien sech u keng Ausernanersetzungen erënneren. Et wär ëmmer an enger gudder Ambiance diskutéiert ginn, obwuel säi Règne jo och an eng schwiereg Zäit gefall wär.
„Mir hate jo d’Stolkrise an alles dat, d’Ëmsetzung vum Land, wou hien versicht huet all ons Kräfte vun der Gesellschaft, net nëmmen déi politesch ma och déi aus der ziviller Gesellschaft ze mobiliséiere fir mat un engem Strack ze zéien dat d’Land sech aus der Krise eraus konnt beweegen. Hien war am Fong den wou en Ëmbroch am Lëtzebuerger Land stattfonnt huet. An de 70er Joren, Enn 70er Joren ass et ugaangen mat der Stolkrisen an wärend all der Zäit, meng éischt Regierungen hunn sech domadder missen ofginn. Mee mir hunn et awer fäerdeg bruecht aus dësem Land, ënnert sengem Règne, e moderne Staat ze maache mat enger sozialer Ausriichtung. An ech mengen dat ass säi grousser Verdéngscht fir onst Lëtzebuerger Land, dass mer och d’Weiche gestallt hunn, fir dass et onser jonker Generatioun besser geet wéi der virdrun.“
Mat de grouss Struktur-Problemer vum Land, der Stol-Krise, d’Ëmsetzung vun engem modernen Staat, hätt hien et ëmmer fäerdeg bruecht mat enger gewësser Liichtegkeet an engem Fein-Gefill all d’Kräften am Land ze mobiliséiere fir zesummen un engem Strack ze zéien, sou de fréiere Premier Minister Jacques Santer.
„De Grand-Duc Jean war e ganz devouéierten a sympathesche Staatschef!“: Dat sot de Chamberpresident am spéiden Dënschdeg de Moien no enger Sëtzung vun der Conférence des Présidents vum Parlament.
Jiddereen hätt de viregte Staatschef gär gehat, dee sengersäits d’Lëtzebuerger gär gehat hätt, sot de Fernand Etgen nach. De Grand-Duc Jean hätt seng Funktioun mat vill Dignitéit, Taktgefill a Mënschlechkeet erfëllt: Et hätt ee kee Bessere kënnen hunn, huet den DP-Politiker erkläert. Den 3. Mee, den Dag virum Staatsbegriefnis also, ass eng feierlech Zeremonie an der Chamber, zu Éiere vum verstuerwenen Ex-Staatschef. Souvill wéi hie wéisst, géif et keng Recommandatioun zur Staatstrauer ginn, sou e ganz ergraffene Fernand Etgen.
Den Jacques Poos hat als fréieren Ausseminister vill mam Grand-Duc Jean ze dinn. Hien huet den Grand-Duc als interesséierte Staatschef an Erënnerung.

Och de fréiere Chamberpresident, also den éischten Bierger vum Land, Jean Spautz erënnert sech gär un de Grand-Duc Jean. Kennegeléiert huet hien de Grand-Duc am September 1944.

D’Colette Flesch, fréier DP-Ministesch, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg a Profi-Sportlerin, hat esouwuel als Fechterin wéi och duerno als Politikerin mam Grand-Duc Jean ze dinn.
“En hat e gléckleche Règne, mat deem mer alleguerte ganz frou woren. Mee en hat awer och schwéier Momenter an der historescher Entwécklung. Mer haten notamment d’Stolkris, mir haten ee Moment e bësse Schwieregkeete mat RTL, wéinst enger Satelittegeschicht. Jee, et wor alles net esou einfach. An en huet dat mat Grandeure a mat Effikassitéit gemaach. An en ass an e bléift e grousse Souverain fir Lëtzebuerg.”
Hien hätt och missen Decisioune vun der Chamber ëmsetzen, déi net onbedéngt sengen Iwwerzeegungen entsprach hätten, esou d’Colette Flesch – zum Beispill bei der Liberaliséierung vum Ofdreiwungsgesetz.
Dat hat a Belgien zu enger Kris gefouert, en ähnleche Vott. Hei zu Lëtzebuerg wor et fir de Grand-Duc Jean bestëmmt net einfach, well dat huet bestëmmt net senger perséinlecher Astellung entsprach. An dach huet en als Grand-Duc seng Responsabilitéit geholl, déi em bestëmmt net liicht gefall ass an en huet dat zu Approbatioun an zur Promulgatioun approuvéiert, sou dass et konnt ouni Problem iwwert d’Bühn goen. Hien hat do eng aner Meenung wéi d’Chamber, mir woussten dat och, hie wousst dat, ech mengen d’Ëffentlechkeet wousst et och. Mee en huet dat gemaach wat e gemengt huet als Souverain mussen ze maachen an en huet dat Gesetz ënnerschriwwe fir d’Approbatioun an d’Promulgatioun.
D’Gemeng Fëschbech ass am Trauer. En Dënschdeg de Moie sinn, no der Usproch vum Premier Xavier Bettel, d’Fändelen op Hallefmast gesat ginn, de Buergermeeschter hat Kontakt mam groussherzoglechen Haff, an huet mam Gemengen- a Schäfferot iwwer eng speziell Zeremonie, zu Éiere vum Grand du Jean beroden.
„Et huet e gudde Mann eis verlooss, e Staatschef, dee seng Aufgab op eng wonnerbar Aart a Weis erfëllt huet!“: Sou huet den LSAP-Fraktiounschef de Moien no enger Sëtzung vun der Conférence des présidents vun der Chamber op den Doud vum viregte Staatschef reagéiert. Seng Frëndlechkeet a säi Kontakt zu de Leit hätten dem Grand-Duc Jean seng Zäit un der Spëtzt vum Land markéiert, et wär een déif getraff, ma d’Leit géifen hien an hiren Häerzen a Gedanke bei sech halen, sot den Alex Bodry. Als Minister hätt hien 10 Joer mam fréiere Staatschef ze di gehat, huet sech den LSAP-Politiker erënnert.

Och de Gast Gibéryen huet als Deputéierten e puermol mam Grand-Duc Jean diskutéiert. Dobäi hätt ee kënne feststellen, wat fir e feine Mënsch de fréiere Staatschef war, iwwert deem säin Doud hie bestierzt wär, sou den ADR-Politiker.
Fir d’Kriichsgeneratioun wären hien a seng Mamm d’Symbol gewiescht vun der Fräiheet vum Land, a mam Grand-Duc Jean géif och e Stéck vun eiser Geschicht verluer goen, huet de Gast Gibéryen betount.

„Den Doud vum Grand-Duc Jean beréiert eis zudéifst!“, huet d’CSV-Fraktiounspresidentin ënnerstrach. De Grand-Duc Jean hätt d’Gefill gi vun der Natioun als Famill, sou d’Martine Hansen. Och déi vill CSV-Politiker, déi direkt mam viregte Statschef ze dinn haten, hätten nëmme luewend Wierder fir de verstuerwene Statschef gehat:
Fir den DP-Fraktiounschef ass den Dag vun haut ee vu grousser Trauer. Et géif een, wéi den Eugène Berger sot, de Grand-Duc Jean an Erënnerung halen als e Staatschef.
Dofir wär et net méi wéi richteg, dass am Nomëtte keng Chamberssëtzung ass, huet den DP-Politiker fonnt.

De Grand-Duc Jean war eng grouss Perséinlechkeet fir déi Gréng, huet deenen hir Fraktiounspresidentin Josée Lorsché deklaréiert:
De fréiere Staatschef hätt d’Natur ganz gär gehat, huet déi gréng Politikerin ervirgehuewen. Hir Partei hätt ëmmer eng ganz gutt Relatioun mam Grand-Duc Jean gehat a wär Frënd mat him gewiescht, onofhängeg vun de politeschen Iwwerzeegungen, sou d’Josée Lorsché.

De Grand-Duc Jean hätt virun allem bestach duerch seng Frëndlechkeet, seng Mënschlechkeet a säin oppent Ouer. Dat sot d’DP-Politikerin Lydie Polfer, aktuell a fréier Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg a fréier Ministesch.
Hie war bis zum Schluss och ganz interesséiert wat géif virgoen. Ech sinn nach e puer mol bei hien op Fëschbech gefuer fir him Pläng ze weise vu Projeten déi gemaach gi sinn. An ech erënnere mech besonnesch wéi mer seng 25 Joer Règne geféiert hunn, dat war 98, do hate mer e grousst Volleksfest organiséiert, op der Plëss d’Armes am Cercle, an d’Leit hunn ëm wierklech zougejubelt an hie war doriwwer esou frou.