Press an InternetTrauer ëm de Grand-Duc an de Medien

RTL Lëtzebuerg
D'Reaktioune ronderëm den Doud vum Grand-Duc-Jean ënnersträichen d'Popularitéit vum fréiere Staatschef.
VIDEO: Presserevue op de Grand-Duc Jean
Trauer ëm de Grand-Duc Jean an de Medien:
D‘Reaktioune ronderëm den Doud vum Grand-Duc Jean weisen d‘Popularitéit vum fréiere Staatschef!

Dausende vu Messagen op alle méiglechen digitale Weeër weisen, wéi beléift de fréiere Staatschef war - an ass.

Hien huet d’Land a seng Leit markéiert, d’Kondolenzbuch op RTL.lu an och d’Kommentaren an d’Posten an de soziale Medien, grad ewéi d’Artikelen an der geschriwwener Press vum Mëttwoch weisen dat.

Doud vum Grand-Duc Jean an den nationalen an internationale Medien

Virop an eisen Nopeschlänner gouf iwwert den Doud vum Grand-Duc Jean geschriwwen.

Op den Internetsäite vun de Lëtzebuerger Medie gëtt un e grousse Staatsmann erënnert. A vill Momenter aus sengem Liewe ginn erzielt. Och op Twitter a Facebook hu ganz vill Leit hiert Matgefill ausgedréckt. Op Twitter virop Politiker.

An nieft der Lëtzebuerger Press huet och déi international Press iwwert de Grand-Duc Jean geschriwwen.

VIDEO: Presserevue: National an international Medien
Virop an eisen Nopeschlänner gouf iwwert den Doud vum Grand-Duc Jean geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO