Et schwätzt ee vun engem historesche Joer bei der Cargolux. 2018 louch den Nettobenefice no Steiere bei iwwer 211 Milliounen Dollar. Dat ass eng wichteg Hausse par Rapport zum virleschte Joer. 2017 gouf schonns e Rekord geschriwwen, deemools louch de Profit bei iwwer 122 Milliounen Dollar. Et ass een zefridde mat sech, d’Strategie fir Cargolux 2025, passt.
2018 huet ee kee Mount Sue verluer. Dat ass ganz grouss an der Cargo Industrie. Weider, hat een am éischte Quartal nach en gewëssenen Iwwerhang vun 2017. En excellent lescht Trimester dat Joer huet dës Hausse ënnerstëtzt.
D’Quantitéit u Fracht ass zwar licht erofgaangen, ma et hätt een sech ob déi méi wichteg Produite fokusséiert, erkläert de Paul Helminger, President vum Verwaltungsrot.
„Dat, kombinéiert mat engem wierklech intelligenten Ausbau an zum Deel, enger nei Orientéierung vun eisem Reseau, huet eben dozou gefouert dat obwuel et an der Weltwirtschaft nëmme stabil war, an China éischter manner gewuess ass wei an der Vergaangenheet, dass mer et awer fäerdeg bruecht hunn, fir eis Fligeren net nëmmen an deem Rhythmus weider fléien ze doe wei se bis elo geflu sinn. Um Buedem verdéngen se jo näischt.“
3% manner Tëschelandungen, méi Rendementer, eleng 70 Milliounen Euro hätt een esou gespuert.
Eng 100 Persoune goufe weider agestallt. D’Flott vu 27 Fligere gëtt dëst Joer och weider ausgebaut. Zwee mol 747 gouf akaaft. Eng weider Maschinne gëtt geleased.
2019, soll och en gutt Joer ginn, ma de Marché wier den Ament schwéier anzeschätzen.
„Den Handelskrich deen am Raum steet tëscht Amerika a China. Mais och déi Onsécherheet déi mer mam Brexit an Europa hunn. An, ganz éierlech gesot och, en gewëssent Duerchootme vun der Weltwirtschaft. Datt dat bal esou well géif wuessen d’lescht Joer, war jo bal net ze erwaarden. Elo kennt den och en Cycle dee bësse méi lues geet. Also 2019 wäert méi schwiereg ginn.“
Cargolux bleift weiderhin d’Nummer 6 an hirem Secteur weltwäit.