
Mat nëmme 47 Joer ass de Brad Arnold gestuerwen. De Grënner a Sänger vun der Rockband 3 Doors Down ass e Samschdeg un de Suitte vun enger Kriibserkrankung gestuerwen. Dat huet d’Band op de Soziale Medie matgedeelt.
Am Krees vu senger Famill wier de Museker friddlech gaangen, heescht et am Statement. Hie gëtt gewierdegt als e Museker, deen de Mainstream-Rock grondleeënd gepräägt hätt. Den Hit “Kryptonite” hat den Arnold mat grad emol 15 Joer wärend enger Mathésstonn op der High School geschriwwen.
De Brad Arnold hat d’lescht Joer am Mee seng Diagnos vun Nierekriibs am véierte Stadium bekannt gi gehat. Dësen hätt och an d’Longe gestreet gehat. D’Band hat doropshin hir Tour ofgesot, fir hirem Sänger d’Méiglechkeet ze ginn, sech op seng Behandlung ze konzentréieren.