Um SonndegËmleedung vu Luxair-Flich wéinst Niwwel um Findel

RTL Lëtzebuerg
Wéinst staark ageschränkter Siicht duerch Niwwel um Fluchhafen hu missen véier Luxair-Flich op aner Fluchhäfen ëmgeleet ginn.
© RTL

Betraff sinn d’Flich LG8012 (Paräis–Lëtzebuerg), LG6552 (Roum–Lëtzebuerg), LG592 (Neapel–Lëtzebuerg) an LG962 (Enfidha–Lëtzebuerg), déi op Léck (LGG) respektiv Bréissel (BRU) ëmgeleet goufen.

Dës Wiederbedéngunge beaflossen de Fluchbetrib staark a kënnen och weider Auswierkungen hunn. Luxair iwwerwaacht d’Situatioun permanent a gräift all néideg Moossnamen, fir d’Stéierungen esou kleng wéi méiglech ze halen an d’Sécherheet vun de Passagéier ze garantéieren, sou d’Schreiwes.

PDF Schreiwes Luxair

D’Passagéier ginn opgefuerdert, sech virum Ofreesen iwwer de Status vun hirem Fluch ze informéieren an genuch Zäit fir de Wee op de Fluchhafen anzeplangen. All Ännerunge ginn de betraffene Passagéier direkt iwwer Kontaktdonnéeën aus der Buchung matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO