Bei der Etüd geet et ëm Präzisiounsmedezin an der Kriibsfuerschung. Ënnert de Patiente sinn d'Tumeuren nämlech ganz ënnerschiddlech.

Ënnert der Leedung vum Luxembourg Institute of Health, wëlle Chercheuren elo hei am Land eng klinesch Etüd lancéiere, fir Kriibstherapien, u Patienten déi ebe Kriibs hunn, individuell unzepassen. Bei deem Projet géifen d'Chercheuren eng nei Method applizéieren, fir d'Tumorprofiller vun de Leit mat Behandlungen ofzegläichen. Doduerch kann ebe genau definéiert ginn op wei eng Medikamenter Tumorzelle reagéieren. D'Etüd, déi 2 Joer laang dauert, soll deemno eng personaliséiert Kriibstherapie fir d'Patienten erméiglechen.

AUDIO: Kriibsfuerschung - Reportage Frank Elsen

Bei der Etüd geet et ëm Präzisiounsmedezin an der Kriibsfuerschung. Ënnert de Patiente sinn d'Tumeuren nämlech ganz ënnerschiddlech. Dowéinst géif ee probéieren d'Tumeuren iwwert d'Medikamenter ze charakteriséieren, betount de CEO vum LIH, den Dokter Ulf Nehrbass.

Maschinnen huelen d'Material vun der Tumeur auserneen. Dës kleng Stecker gi Kriibs-Nanosphäre genannt. Dat wieren allerdéngs keng eenzel Zellen. Et wier nämlech besonnesch wichteg d'Zellen an hirem Kontext ze loossen.

Opgrond vu Donnéeë kéint ee soen dat 5 Prozent vun de Leit mat enger personaliséierter Therapie kéint gehollef ginn, esou de CEO vum LIH weider. Fir dëse Pourcentage an d'Luucht ze hiewen, misst een sech Funktionalitéit vun den Tumeuren ukucken.

D'Chercheuren hunn nach e wäite Wee virun sech. Den éischte Schrëtt besteet elo mol doranner, déi standardiséiert Methode bei enger klenger Unzuel vu Patienten ze testen an d'Zouverlässegkeet vun der Method ze moossen. D'nächst Joer oder 2021 kéint dann déi eigentlech klinesch Etüd mat enger gréisserer Unzuel vu Patienten, grad ewéi enger Zesummenaarbecht mat internationale Partner ufänken. Weltwäit wier dës Etüd féierend.

De Schwéierpunkt vun der Etüd läit um Glioblastom, engem bestëmmten Typ vun enger Gehirtumor, an um Mo-Daarm-Kriibs. Bei der Pilotetüd solle bis zu 20 Patiente matmaachen. Haut kéinten Dokteren an hire Beräicher net méi eleng schaffen, ma missten a Kontakt mam Laboratoire stoen, seet den Direkter vun der Santé, den Dokter Jean-Claude Schmit.

De Projet gëtt vum Héichschoul—a Fuerschungsministère, grad ewéi vu klinesche Partner ënnerstëtzt a finanzéiert. Konzipéiert gouf dat ganzt an Zesummenaarbecht mam CHL, den Hopitaux Robert Schuman an dem Laboratoire national de Santé.