Zanter Februar 2025 sinn d'Ausbauaarbechte vum Tram um Kierchbierg am gaangen. Um Boulevard Adenauer gëtt geschafft. Fir d'Schoulrentrée vun der Europaschoul am August d'nächst Joer soll de ronn 2 Kilometer laangen Tronçon opgoen. Si verleeft vun der Rouder Bréck bis ebe bei d'Schoul um Kierchbierg. Enn Juli, Ufank August vun dësem Joer gëtt dësen Tronçon un den aktuelle bei der Rouder Bréck ugebonnen.
A 4 Joer, also Enn 2030, gëtt ugepeilt, fir mat de ganzen Aarbechte fäerdeg ze sinn.
33 Tramme sinn aktuell um Reseau ënnerwee. 41 méi wäerten der an Zukunft gebraucht ginn. Och eng 30 nei Chauffere gi gesicht. Iwwer 125.000 Leit benotzen all Wochendag den Tram, deen zanter Mäerz 2025 tëscht dem Findel an der Cloche d'Or hin an hier fiert. Zejoert si ronn 35 Millioune Mënsche mat dësem Transportmëttel gefuer.