De Fonds National de la Recherche huet zejoert 260 nei Rechercheprojete mat am ganzen 72,1 Milliounen Euro ënnerstëtzt.

Domadder läit ee liicht iwwert den Zuele vun deem Joer virdrun. Allerdéngs zitt sech am generellen d'Finanzéierung iwwert e puer Joer, well Projeten iwwert e puer Joer elaboréiert ginn. Dat hunn déi Responsabel um Freideg op hirer Bilanspressekonferenz matgedeelt.

D'lescht Joer war da markéiert duerch de pluriannuelle Vertrag, deen op 4 Joer gëllt a bis 2021 verlängert gouf. Do krut den FNR eng ëffentlech Dotatioun vun 265 Milliounen Euro zougesprach. Dat wiere 5% méi wéi nach déi Kéier virdrun. Donieft wëll een d’Prioritéiten unzepassen: "Mir sinn op Ufro vun der Regierung am gaangen d’Fuerschungsprioritéiten ze reviséieren. Dat heescht net um Niveau vun de grousse Linnen. Biomedical bleift weiderhin eng Fuerschungsprioritéit fir Lëtzebuerg, grad esou wéi Materialwëssenschaften, Informatik, den Environmental, Sustaineable Development, Sozial- an Humanwëssenschaften. Dat sinn déi 5 grouss Prioritéiten. De Contenu do drënner si mer am gaangen z’erneieren, well déi si virun 10 Joer opgestallt ginn, an an de leschten 10 Joer huet sech vill gedoen. Dofir musse mir een Update maachen."

Déi Responsabel vum FNR hunn um Freideg de Moien dann och e puer Projeten erausgepléckt, déi besonnesch markant sinn. Do gouf den Accent op zum Beispill international Kooperatioune gesat oder och nach Partenariater tëscht Wëssenschaftler an der Industrie.

E Freideg de Moien huet de Marc Schiltz och konkret Projeten ervirgehuewen, déi an den ënnerschiddlechste Beräicher entaméiert goufen. Do geet et vun der Biomedezin, déi nach ëmmer eent vun den Haaptrecherche Domainer ass, eriwwer bei d'Sciences humaines.

AUDIO: De Marc Schiltz vum FNR

Déi nächst Woch kritt den FNR seng 20 Joer. An deene goufen iwwert 600 Milliounen Euro an iwwert 3000 Projeten investéiert. An och an Zukunft soll de Fonds national de la Recherche, wou de Moment eng 24 Leit voll Tâche schaffen, weider wuessen.

Do ass de LIST (Institut luxembourgeois des sciences et technologies) zesumme mat der Goodyear am Gaang, u Material fir nei Pneuen ze schaffen.

Een anere Projet analyséiert ronn 2.000 Fotoe vun der Arbed aus dem leschte Joerhonnert, d'Entreprise wollt mat deene Biller hire sozialen Impakt demonstréieren.

Mat Agencen a Fongen aus 13 Länner huet den FNR Cooperatiounsaccorden. Och an Zukunft wëll een d’Partenariater mam Ausland verdéiwen, an och ëmmer méi auslännesch Wëssenschaftler op Lëtzebuerg zéien. Dat ass eng Imagesaach an och fir eise Standuert kënnen ze developpéieren. Informatiounen iwwert de Fonds national de la Recherche fannt dir op fnr.lu.