Zwou vun den dräi Partie-civillen an de Parquet maachen Appell nom Fräisproch vum Kënschtler an der Affär ëm säi Lidd "FCK LXB".

Et kënnt zu engem zweete Prozess géint den Tun Tonnar, well fir d'éischt zwou vun de Parties-civillen an dono de Parquet Appell géint d'Uerteel aus 1. Instanz gemaach hunn.

Viru knapp 3 Woche war de Fils vum Musiker Serge Tonnar wéinst sengem Lidd „FCK LXB“, dat fir „Féck Lëtzebuerg“ steet, an 1. Instanz fräigesprach ginn. Zejoert war sech, um Enn vun der Walcampagne, an deem Lidd ënner anerem un der adr an un déi Konservativ geriwwe ginn. Den adr-Kandidat Fred Keup, de Kandidat vun déi Konservativ Joé Thein an e Mann, deen ewell e puermol wéinst Opruff zum Haass veruerteelt gouf, haten doropshi Plainte gemaach.

Am 1. Prozess hat d'Vertriederin vum Parquet eng Geldstrof vu 1.500 Euro gefuerdert, wéinst der Absicht fir ze schuede vum Tun Tonnar.