An engem oppenen Temoignage beschreift de Christian Faber, Affer vu sexuellem Mëssbrauch, säi Leidenswee a seng Liewensgeschicht. - Elo am Replay.

Nom Sommet am Vatikan am Februar sicht d'kathoulesch Kierch weider no Weeër, fir d'Vergaangenheet opzeschaffen an an Zukunft esou Fäll ze verhënneren.

De Christian Faber gouf den 22. Februar 1963 zu Gréiwemaacher gebuer, wou hien tëscht 1969 a 1975 an engem Heem gelieft huet. Seng Eltere ware Schëffsleit.

A sengem Temoignage beschreift de 56 Joer ale Mann dat, wat him Enn de 60er, Ufank de 70er Jore geschitt ass. Ma och wéi en Afloss d'Iwwergrëff op säi weidert Liewen haten.

E kuerze Réckbléck

Ufank 2010 gouf et international eng Well vu Mëssbrauchsfäll an der kathoulescher Kierch, vill dovunner leie Joerzéngten zréck. Wéi Fäll am Ausland op d'Tapéit komm sinn, hu sech och Affer zu Lëtzebuerg zu Wuert gemellt. D'kathoulesch Kierch hat deemools eng Mëssbrauchshotline opgemaach. Mëttlerweil hu ronn 200 Leit Kontakt opgeholl.

Dëst Joer koum et zu engem historesche Sommet am Vatikan, de Poopst Franziskus hat all déi héich Vertrieder aus der kathoulescher Kierch invitéiert, fir sech iwwert Mëssbrauch an doriwwer, wéi ee Kanner schützt, auszetauschen an an Zukunft konkret Mesuren ze huelen, datt esou Fäll net méi virkommen. Zil war et, an Zukunft konkret Mesuren ze huelen, fir datt esou Fäll net méi virkommen.

Um Bord vun deem Sommet huet den Äerzbëschof Hollerech och Affer getraff gehat.