D'Sechswochemass fir de verstuerwene Grand-Duc war um Samschdeg
D'Mass, déi fir de Public op war, gouf vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an der Kathedral gehalen.
Gutt 6 Wochen sinn et elo hier, dass déi traureg Nouvelle vum Doud vum Grand-Duc Jean koum a viru genee 5 Wochen huet de Grand-Duché sengem fréiere Staatschef mat Invitéeën aus der ganzer Welt an engem feierleche Staatsbegriefnes Äddi gesot.
De ganzen RTL Dossier ronderëm den Doud vum Grand-Duc Jean
Um Samschdeg war d'Sechswochemass fir de Grand-Duc Jean an der Kathedral. Ganz fréi hat déi sech scho gefëllt. Vill Lëtzebuerger wollten nach emol dem Grand-Duc Jean gedenken. Et wier eng ganz schéi Mass gewiescht, huet et duerno geheescht.
Et war eng Zeremonie a Präsenz vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse grad wéi de Prinzessinne Marie-Astrid a Margaretha, dem Prënz Jean a Kands-Kanner vum Grand-Duc. Och Vertrieder vum Haff a fréiert Personal vum Grand-Duc Jean an der Grand-Duchesse Joséphine Charlotte ware komm.

Eng wichteg Etapp an der Trauer, sou den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, wou d'Erënnerunge bleiwen, de Verstuerwene selwer ons awer feelt. Eng Mass awer och zwee Deeg nom 75. Anniversaire vum D-Day: méi perséinlech ass den Äerzbëschof iwwerdeems op d'Roll vum - deemools - Prënz Jean wärend der Liberatioun vun onsem Land agaangen.

© Cour grand-ducale / Sophie Margue
Mam feierleche Gesang vun der Chorale koum d’Sechswochemass vum Grand-Duc Jean dunn op en Enn. D’ Leit si lues a lues erausgaangen, déi eng oder aner Käerz gouf awer nach ugefaang.