Déi nei Struktur zu Esch kéint scho Mëtt August opgoen an ass fir 150 Leit. Um Briddel kënnen 42 Persounen en neit doheem fannen.
Déi nei Struktur zu Esch op der Kräizung vun de Stroossen Neiduerf an Buerggronn ass am Prinzip fäerdeg. Et muss nach un Detailer geschafft ginn. Beim Office de l'accueil et de l'intégration rechent ee mat Mëtt August, bis déi éischt Awunner an déi 75 Duebelzëmmer kënnen eraplënneren. Duerno huet de Quartier Neiduerf zu Esch 150 Awunner méi.
Et gi vill Diskussiounen, seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo. Grad ass et vill drëm gaangen, wou d'Struktur soll hikommen. Et ginn ëmmer Leit, déi net zefridde mat den Decisioune sinn. Dëst ass awer dem Gemengepapp senger Meenung no en Emplacement, dee gutt passt.
D'Regierung fuerdert d'Gemengen ëmmer nees op Responsabilitéit z'iwwerhuelen a bei der Flüchtlingskrise ze hëllefen.
Dobäi muss een awer och kucken, datt een d'Flüchtlingen an d'Awunner d'Selwecht behandelt, soss kéint et zu Spannunge kommen, fäert de Georges Mischo.
Um Briddel gouf et uganks Diskussiounen tëscht de politeschen Autoritéiten an e puer Bierger iwwert d'Form vu Logementer. Um Enn gouf déi éischt Iddi bäibehalen. Keng kleng Haiser, mä eng grouss Struktur mat Holz-Verkleedung. Déi 14 Kummere mat 3 Better bidde Plaz fir 42 Persounen.
938 Persounen hunn eng op Demande de protection internationale gemaach
Op de leschte Mee gekuckt, sinn dat der 239 méi ewéi zejoert ëm déi Zäit, awer 124 manner ewéi Enn Mee 2017.
Déi meescht Demandë komme vu Leit aus Asien an Afrika. Wäit vir bei de Länner ass Eritrea, d'Demandë vu Mënsche mat Pass aus dësem afrikanesche Land maache bal en Drëttel vun allen Ufroen aus, dono komme Syrer, Afghanen an Iraker.
Wat d'Decisiounen uginn, déi 2019 geholl gi sinn, gouf 316 mol de Statut vum Refugié unerkannt, do sinn och Demanden derbäi, déi an de Jore virdru gestallt goufen. Am Kader vum Dublin-Reglement goufen 175 Leit an aner EU-Länner transferéiert, 37 Leit koumen iwwert dee Wee op Lëtzebuerg.
2019 goufen et bis ewell 76 Retoure vu Lëtzebuerg erfort. 18 dovunner waren där sougenannter Retours forcés.