Zwou Persounen no Déifstall a Restaurant zu Gréiwemaacher festgeholl
© RTL
Zu Gréiwemaacher goufen an der Nuecht op e Sonndeg zwee Abriecher vun engem Zeien iwwerrascht a méi spéit vun der Police nach op der Plaz gestallt.
An de fréie Moiesstonne vum Sonndeg gouf der Police een Déifstall an engem Restaurant zu Gréiwemaacher gemellt. Zwee Täter waren an de Restaurant agebrach an hu vun do eng Rei Liewensmëttel, sou wéi Alkoholfläsche geklaut. Dobäi goufe si vun engem Zeien iwwerrascht, deen d'Police alarméiert hat. Wéi d'Beamten ukomm si konnte si béid Persoune stellen an déi geklaute Saachen dann och direkt un de Proprietär vum Restaurant zréckginn. Op Uerder vum Parquet si béid Täter festgeholl a virun den Untersuchungsriichter bruecht ginn.
Agebrach gouf e Sonndeg dann och owes nach op zwou weidere Plazen am Land. An der Rue des Lavandes zu Stroossen waren d'Täter duerch d'Dier vun der Terrass an en Eefamilljenhaus komm, wou si d'Raim komplett duerchwullt a sech dann duerch d'Bascht gemaach hunn. Da gouf et nach een Abroch an der Rue Duscher zu Sandweiler, wou d'Täter d'Garagëpaart beschiedegt hunn an doduerch an d'Haus komm sinn. Och hei goufen all d'Raim a Schief duerchsicht. A béide Fäll goufen d'Ermëttlungen ageleet.
Och Autoe waren nees d'Affer vun Abréch. E Sonndeg de Moie gouf an der Rue Gaston Barbanson zu Diddeleng direkt an zwee Autoen agebrach, wou Wäertgéigestänn a Boergeld matgeholl gouf. Och an der Rue de Dudelange zu Keel sinn am fréie Méindegmoien eng Rei Wäertgéigestänn aus engem Auto geklaut ginn. An den dräi Fäll lafen d'Ermëttlungen.