Grousse Kino an der Chamber am fréien Dënschdeg Nomëtten, dat wéinst den Affären ëm d’Datebanke vu Police a Justiz, wou d'CSV net labber léist. Am Ufank vun der Chamberssëtzung huet den Deputéierte Gilles Roth d'Wuert ergraff. Et géing elo duer, de Rechtsstaat géing hei net méi respektéiert ginn. De Staatsminister misst nach virum Summer an d'Chamber kommen an eng Deklaratioun am Numm vun der ganzer Regierung maachen, esou verlaangt et de Gilles Roth. Dee Punkt soll zousätzlech op den ordre du jour kommen. Och sollten direkt entspriechend Gesetzprojeten deposéiert ginn.
De Chamberpresident Fernand Etgen hat op d’Prozeduren higewisen. Senger Meenung no wier et un der Presidentekonferenz Ännerunge vun der Dagesuerdnung unzefroen.
D’Oppositiounsparteie waren awer der Meenung, datt d’Chamber am Endeffekt iwwert d’Dagesuerdnung ofstëmmt. Dëst war awer net méiglech, well de Quorum vun 31 vun der Majoritéit net konnt erreecht ginn, well Gusty Graas an Alex Bodry op parlamentarescher Missioun am Ausland waren.
An engem Communiqué hunn déi dräi Majoritéitsparteien, LSAP, DP an déi Gréng, Stellung zu der Situatioun en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber geholl. Fir si ass d'Verloosse vum Sëtzungssall en neien Déifpunkt vun der politescher Kultur am Lëtzebuerger Parlament. Fir Rout-Blo-Gréng weist dëst Verhalen, datt et der Oppositioun just ëm parteipolitescht Geplänkels geet. Domadder géife si dem Land keen Déngscht leschten.
Op d'Kritik vun der Oppositioun reagéiere si dann och. Si géife sech ëm voll Transparenz beméien, wat ee géif doranner gesinn, datt si de komplette Verbatim vun de Sëtzunge vun den zoustännege Chamberkommissioune iwwert d'Datebanke publizéiert hunn. Vun der Majoritéit wier dann och d'Propos komm, fir zesumme mat der Oppositioun e Gesetzesvirschlag auszeschaffen, fir den Ëmgang mat dësen Datebanke kloer ze reegelen.