Nationalfeierdag 2026 op RTLSpezialemissiounen a vill Live-Iwwerdrounge wärend zwee Deeg

RTL Lëtzebuerg
Um Virowend an op Nationalfeierdag selwer ass RTL mat engem Spezialprogramm live dobäi.
© RTL Grafik

Déi grouss Emissioun op der Tëlee, Live-Emissiounen um Radio, an e Liveticker a Livestream op rtl.lu.

Schonn d'lescht Joer war et e speziellen Nationalfeierdag, et war de 25. a gläichzäiteg de leschte vum Grand-Duc Henri. Dëst Joer ass et den éischte Nationalfeierdag fir de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie.

De Virowend vun Nationalfeierdag

Schonn um Virowend vun Nationalfeierdeeg kënnt Dir d'Visitt vum Grand-Duc Guillaume zu Déifferdeng vu 17 Auer un am Livestream an -ticker suivéieren. Um 19 Auer ass eng Spezialemissioun op der Tëlee live vun der Plëss mam Journal um 19:30 Auer.

De Fakelzuch um Virowend vun Nationalfeierdag ass um 21:30 Auer, dëse gëtt dëst Joer net gewisen, dofir kann een awer d'Freedefeier vun 23 Auer un am Livestream kucken.

Nationalfeierdag

Lass geet et moies um 9:15 Auer mat der Spezialemissioun op der Tëlee. Do si mer live an der Philharmonie mat dobäi a gesinn, wéi d'Éieregäscht ukommen a sech fir d'Zeremonie, déi um 9:30 Auer lassgeet, prett maachen. Um Radio sinn de ganzen Dag Live-Interventioune vun de verschiddene Plazen.

De Programm vun der Tëlee.
© RTL Grafik

Um 11:45 Auer iwwerdroe mer d'Militär- an d'Zivilparad aus der neier Avenue.

Den Te Deum ass um 16:15 Auer an der Kathedral a gëtt och live op RTL Tëlee an rtl.lu iwwerdroen a kommentéiert.

De Programm vun der Tëlee.
© RTL Grafik

Vun 19 Auer u weise mer Iech nach eemol déi bescht Momenter vum Dag am Resumé mat och am Journal Reaktiounen a Stëmmungsbiller uechtert d'Land.

Op Nationalfeierdag ass nieft dem offizielle Programm an der Philharmonie an dem Te Deum an der Kathedral och d'Spillfest op der Kinnekswiss. Direkt niewendru ginn och d'City Sounds um Glacis op Nationalfeierdag vun 17:30 Auer u weider. Highlight ass de gratis Concert vu OneRepublic um 21 Auer.

Back to Top
CIM LOGO