No 73 JoerFamilljebetrib Tapis Hertz mécht seng Dieren an der Groussgaass zou

RTL Lëtzebuerg
Vun den 13 Salariéeë verléieren 3 Leit hir Aarbecht. Anerer géifen an d'Pensioun goen oder d'Kontrakter auslafen.
© Screenshot

No 73 Joer mécht ee Familljebetrib seng Dieren an der Groussgaass zou. Wéi Tapis Hertz an engem Schreiwes matdeelt géif d’Geschäft am November zougemaach ginn, fir d’Aktivitéiten nei opzedeelen. Doriwwer eraus ginn d’Gewunnechte vun de Clienten, d’Internetkonkurrenz, e Manktem u Parkplazen an déi verännert Geschäftswelt an der Stad als Ursaache fir d’Fermeture genannt.

Am Geschäft op der Helfenter Bréck sollen an Zukunft nieft Tapisen och Rideaue verkaf ginn. An der Belle Etoile ass den zweete Buttek vun Tapis Hertz.

Et géif een d’Geschäft an der Groussgaass an der Stad opginn, zu engem Moment wou de Bail fir d’Locatioun auslafe wäert. Vun den 13 Salariéeë verléieren 3 Leit hir Aarbecht. Anerer géifen an d’Pensioun goen oder d’Kontrakter auslafen.

Wéi gesot bleift d’Geschäft bis den November nach op, dat heescht och nach fir d’Braderie.

Schreiwes vun Tapis Hertz

Back to Top
CIM LOGO