Zu Uewerglabech an der Gemeng Noumer huet d'Rout Kräiz elo eng nei Struktur fir Kanner a Jonker opgemaach, déi an Nout sinn.

Bis zu 8 Kanner tëschent 4 an 18 Joer kënnen an deem neien Haus wunnen, donieft awer och jonk Erwuessener bis 27 Joer. Fir si gëtt et eng betreit Wunngemeinschaft mat 5 Plazen a 7 Appartementer, an deenen ee bis 27 Joer selbststänneg ka wunnen, op Wonsch awer begleet gëtt. E Projet, deen d'Lëtzebuerger Rout Kräiz zesumme mam Educatiounsministère a mat der Gemeng Noumer ëmgesat huet.

Nei Betreiungsstruktur vum Roude Kräiz fir Jonker an Nout / Re. Dany Rasqué

Den Impuls fir déi nei Struktur koum awer vun der verstuerwener Proprietärin vum Terrain. Si hat dem Roude Kräiz dee verierft, ënnert der Konditioun, datt e Projet fir Kanner a Jonker realiséiert gëtt, deenen et net gutt geet. Dee Wonsch gouf ëmgesat an d'Croix Rouge leet an deem neien Zenter vill Wäert op eng héich qualitativ Begleedung, wéi hiren Direkter de Michel Simonis ënnersträicht.

"Et ass jo net den Normalfall, datt een net an der Famill ka grouss ginn an dofir hunn déi Kanner a Jonker, déi heihinner kommen e ganz schwéiere Bagage ze droen. Mir mussen als Träger, déi Kanner dofir esou begleeden, datt se méiglechst all Chancen hunn, fir gutt grouss ze ginn." 

An deem neien Zenter kënnen och Gesëschter zesumme bleiwen. Dat ass nach laang net ëmmer esou. Dacks si Gruppen a méi Alterskategorien opgedeelt an da kann et sinn, datt d'Kanner hire Grupp - zum Beispill no der Grondschoul - musse wiesselen. Dat ass net méi zäitgeméiss, seet de Gilles Dhamen, éischte Conseiller de gouvernement am Educatiounsministère an dofir sollen d'Kanner zu Uewerglabech net aus deem Ëmfeld eraus gerappt ginn, un deese sech grad gewinnt hunn.

"Soss géife mer de Grupp bësse méi kleng konzipéieren, mä et ass eis wichteg gewiescht, zesumme mam Roude Kräiz dat Konzept z'entwéckelen, datt d'Kanner net musse vunenee getrennt ginn, fir a verschiddene Strukturen ënnerdaach ze kommen. Dofir ass dat e wichtegt Element, datt Gesëschter hei zesummen an engem gewinnten Ëmfeld a mat gewinnte Persoune kënne grouss ginn."
 
D'Buergermeeschtesch aus der Gemeng Noumer, d'Sophie Diderrich ass frou, datt d'Gemeng d'Rout Kräiz bei dësem Projet konnt ënnerstëtzen.
 
"Ech hoffen, datt d'Kanner an déi Jonk sech hei doheem spieren an sech dono och am Duerf, an de Veräiner an an der Schoul integréieren an esou kënnen hei liewen, wéi mir och hei liewen a sech einfach kënnen doheem spieren."
 
Uewerglabech ass e klengt charmant Duerf an deem op den 31. Dezember zejoert 32 Leit gewunnt hunn. De Michel Simonis gouf méi wéi eemol gefrot, ob dat déi richteg Plaz fir Kanner a Jonker ass an den Direkter vum Roude Kräiz, deen am Nopeschduerf opgewuess ass, huet keen Zweiwel drun, datt de ländleche Raum an d'Rou den Awunner aus deem neien Zenter gutt dinn.

RTL

© RTL