DréchentGroussbrand tëscht Rëmeleng an Ëtteng

RTL Lëtzebuerg
Op der franséischer Säit war en Donneschdeg e grousst Feier ausgebrach. Op d'mannst 150 ha Terrain si verbrannt.
Feier tëscht Rëmeleng an Ëtteng
Virun allem Felder hu gebrannt, ma d'Feier huet en Donneschdeg den Owend och op de Bësch iwwergegraff.

Nieft Hamm hat et och an de Bëscher ronderëm Esch a Rëmeleng gebrannt. D'Feier war op der franséischer Säit bei Ëtteng ausgebrach, mä de Wand hat a Richtung Lëtzebuerg geblosen an domadder hat de Brand riskéiert, sech och um Lëtzebuerger Terrain auszebreeden. D’Bëscher op der Lëtzebuerger Säit an de Brand si just vun enger Strooss getrennt, déi vu Kanfen op Volmereng geet.

VIDEO: De Steve Mack vum CGDIS iwwert d'Feier bei Rëmeleng
Tëscht Rëmeleng an Ëtteng ass en Donneschdeg e Groussbrand ausgebrach.

Schreiwes vum CGDIS: D'Bränn an de leschte 24 Stonnen

Back to Top
CIM LOGO