Serie 30 Joer Wëlldéierestatioun (4)Wäschbiere si keng Kuscheldéieren

RTL Lëtzebuerg
Am 4. Deel vun der Serie kucke mir op eng Zort Déieren, déi ëmmer nees an der Statioun lant an zu engem richtege Problem mutéiert ass.
© RTL

D’Populatioun vum Wäschbier. Si gesi kuscheleg, keck a séiss aus, mä dat sinn déi Deieren glat a guer net. Den éischten Androck täuscht also. An d’Leit loosse sech och täuschen. D’Nadine Gautier war op Diddeleng kucken an huet do mam Jill Gaasch iwwert d’Wäschbiere geschwat.

Serie Wëlldéierestatioun - Deel 4: Wäschbieren

Et klengt brutal, mä u sech missten d’Wäschbieren, déi zu den exoteschen Déierenaarten zielen an als invasiv gëllen, ëmbruecht ginn. Dat, wann et enger EU-Direktiv vun 2014 nogeet. Déi Lëscht op EU-Niveau zielt 49 invasiv Déieren a Planzenzorten. 12 vun deene wieren de Lëtzebuerger Autoritéite no am Grand-Duché unzetreffen, eben och d’Wäschbieren.

An där komme genuch an der Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng un. Well déi Déieren do gefleegt ginn, wa se eppes haten, duerno awer net méi duerfen an d’Natur gelooss ginn, well se ënnert d’Kategorie Espèce invasive falen, steet d’Statioun virun engem Dilemma. An dee versicht een esou z’ëmgoen, datt d’Déiere mam Mënsch sollen a Kontakt kommen, wéi d’Jill Gaasch am Gespréich erkläert huet.

© Nadine Gautier / RTL Radio Lëtzebuerg

D’lescht Joer goufen esou eng 8 Wäschbieren op Saint Croix a Frankräich ausgeliwwert. Och mam Déierepark Hunawihr am Elsass schafft een zesummen.

Déi Responsabel vun der Wëlldéierestatioun wëllen d’Leit drop opmierksam maachen, datt Wäschbieren op kee Fall doheem solle gehale ginn, egal wéi léif se ausgesinn. Et si wëll Déieren. Wann och ee klenge Wäschbier an der Wiss eleng ronderëm leeft, ass d’Mammendéier ni wäit ewech. Dacks wiere sech d’Leit därs awer net bewosst a géifen d’Déiere mathuelen an dann an der Statioun ofliwweren.

Den Iwwerbléck vun der Serie

Deel 1: Wéi koum et zu der Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng? Deel 2: Benevoller ginn ëmmer gebraucht Deel 3: 4 Drop-Off-Plaze fir Wëlldéiere ginn et hei am Land

Back to Top
CIM LOGO