Hareler PoteauDéidlechen Accident e Samschdeg géint 5.20 Auer

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, koum et e Samschdeg de Moie fréi zu engem déidlechen Accident um Hareler Poteau.
© RTL Archivbild

E Won war do vun der Strooss ofkomm a krut ee Bam ze paken. Fir den 21 Joer jonke Chauffer, en Awunner vu Bauschelt, deen eleng am Auto souz, koum all Hëllef ze spéit.

D'Streck tëscht Béiwen an dem Hareler Poteau war fir e puer Stonnen a béid Richtunge gespaart.

Back to Top
CIM LOGO