Honnerte Fräiwëlleger sinn op Péiteng, Rolleng a Käerjeng hëllefe komm. Dobäi kommen nach 600-700 Leit vu CGDIS, Verwaltungen a Gemengen.

Nom Tornado vun e Freideg, gouf um Samschdeg den Owend de Bilan vun den Degâte gemaach. 19 Leit goufe blesséiert, 2 dovu sinn nach hospitaliséiert, woubäi eng an engem méi kriteschen Zoustand ass.

Ronn 90 Haiser goufe schwéier beschiedegt a sinn op d'mannst kuerzfristeg net méi bewunnbar.

AUDIO: Taina Bofferding - Et gouf immens vill geschafft
AUDIO: Taina Bofferding - 90 Haiser mat groussem Schued

Nodeems sech de Grand-Duc Henri, zesumme mam Premier Xavier Bettel, der Inneministesch Taina Bofferding an dem Aarbechtsminister Dan Kersch e Samschdeg de Mëtteg selwer e Bild vun der Situatioun op der Plaz gemaach hunn, ass um Samschdeg den Owend dunn d'Regierung fir eng extraordinär Sëtzung vum Regierungsrot zesummekomm.

D'Realitéit wier méi schlëmm, wéi een dat op de Biller géif gesinn, esou d'Taina Bofferding op der Pressekonferenz nom Regierungsrot. Dat wat een op der Plaz géif gesinn, hätt ee sou bis elo just aus Filmer kannt, huet de Premier Xavier Bettel gemengt.

Ronn 1.000 Appeller wieren eleng beim 112 agaangen. 380 Leit hunn op der Hotline ugeruff. Hei hätte sech och Leit gemellt, fir ze froe wéi se kéinten hëllefen. D'Hotline bleift dann och bis op Weideres bestoen.

Iwwert d'Hotline an den 112 goufen 314 Adresse gemellt, wou e Schued entstanen ass. Déi sollen alleguer bis e Sonndeg den Owend vum CGDIS inspizéiert ginn, esou de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder. D'Opraumaarbechte wäerten awer sécher nach déi ganz Woch iwwer lafen.

D'Haaptachse wieren iwwerdeems och gréisstendeels erëm op, esou zum Beispill och de Rondpoint Biff, sou d'Taina Bofferding.

Och d'Gefor vun den Héichspannungsleitungen wier behuewen. Et ware jo eng Partie Héichspannungsmasten ëmgeknéckst duerch den Tornado. D'Commercë ronderëm kéinten deemno och e Sonndeg, respektiv e Méindeg hir Dieren erëm opmaachen.

Dee ganze Bauschutt, deen duerch d'Opraumaarbechten entstanen ass, gëtt den Ament op eng Industriebrooch vun der Gemeng Péiteng bruecht. Vun e Méindeg un, géif dann hei triéiert an den Oftransport koordinéiert ginn.

E geneeë Chiffer iwwert de Schued konnt de Premier zwar net nennen, ma hien huet verséchert, dass keen am Reen géif stoe gelooss ginn, woubäi d'Regierung awer net als Assurance géif asprangen.

Souwuel Privatleit wéi Betriber, kënne vun e Méindeg u speziell Hëllefen ufroen. Déi néideg Informatioune fënnt een op de Sitte vum Familljeministère, dem Logementsministère / Aide au Logement (fir Privatleit), grad wéi beim Economieministère / Classes moyennes (fir Betriber), oder op guichet.lu. Och d'Gemenge gi vum Staat ënnerstëtzt.

D'Etüden déi néideg si fir ze kucken, ob weider an de Gebaier ka gewunnt ginn, ginn iwwerdeems vum Staat gedroen. Et dierft nämlech net dorunner leien, datt dee finanziellen Aspekt vun esou Etüden ee Retard provozéiert.

Et ginn déi kommend Woch Informatiounsversammlungen zu Péiteng an zu Käerjeng organiséiert.

Da war et och nach den Appell, wa Leit net wësse wou se sollen ënnerkommen, si sech sollen op der Hotline mellen um Telefon 8002 8080. Et géif fir jiddereen en Ënnerdaach organiséiert ginn.

Et sinn och 12 Leit vum Service psychologique um Terrain, fir d'Leit déi eng Betreiung brauchen. D'Leit sollen net fäerten sou eng professionell Hëllef an Usproch ze huelen. Dacks kënnt de richtege Schock och eréischt e puer Deeg dono. Och do war et den Appell, dass ee sech via d'Hotline soll mellen, do géif een dann un déi richteg Persoune verbonne ginn.

VIDEO: Tornado: Pressekonferenz nom Regierungsrot