Fahrerflucht no Accident6 Méint Prisong, eng Geldstrof an e Fuerverbuet goufen ugefrot

RTL Lëtzebuerg
E Mann vun 33 Joer hat sech wéinst engem Accident am September 2017, owes spéit, zu Nidderkuer ze veräntweren.
© Cité judiciaire2

E Beschëllegten, deen net vill Asiicht gewisen huet, an eng Riichterin, déi dowéinst ëmmer méi a „Fahrt“ koum: Dat war d'Bild en Dënschdeg um Stater Geriicht an engem Prozess vu Fahrerflucht, eventuell ënner Alkoholafloss.

Fahrerflucht no Accident - Reportage vum Eric Ewald

E Mann vun 33 Joer hat sech wéinst engem Accident am September 2017, owes spéit, zu Nidderkuer ze veräntweren. Den Ugeklote konnt - oder wollt - sech un net vill erënneren, wat d'Riichterin relativ queesch gemaach huet, Eric Ewald:

„Wat musse mer maachen, fir dass Dir Iech un d'Reegelen haalt?“, huet si de Mann um Enn gefrot, wouropshin deen näischt z'äntwere wousst. Hie wär ewell 3 mol veruerteelt ginn a géif sech nawell u keng Reegelen halen, hat d'Riichterin him virdrun un de Kapp gehäit, nodeems si festgestallt hat: „Dir hat de Permis dee Moment just fir op d'Aarbecht!“ Hien hätt gemengt, déi Strof wär ofgelaf, war dem Mann seng Äntwert. Op d'Fro hin, ob hien dowéinst ugaange wär, huet de Mann erkläert, dat wär aus Panik geschitt, well hien nach ni en Accident hat. Hie wär verluer gewiescht, hätt um GPS hantéiert, et hätt vill gereent, hien hätt just ee Béier gedronk gehat an net gesot, d'Police sollt net kommen; um Enn huet hie sech fir dat entschëllegt, wat hie gemaach huet. An dat war net wéineg!

Eng Polizistin huet ausgesot, et wäre 4 futtis Autoen op der Plaz gewiescht, zwee dovu ganz; vum Chauffeur vum schëllegen Auto hätt dogéint all Spuer gefeelt, soudass en Alkoholtest net méiglech war. De Mann war awer vun engem Zeien identifizéiert ginn, well déi zwee virdrun zesumme geschafft haten. De Mann wär den Dag drop op de Policebüro komm an hätt gesot, vu Fahrerflucht kéint keng Rieds sinn, well hie jo elo do wär. De Proprietär vun deem aneren Auto, deen, Zitat, „fir d'Poubelle war“, wollt d'Police ruffen, wéinst dem Schued; do hätt de Beschëllegte gesot: „Waart, ech hu gedronk!“ Op eemol wär hie fort gewiescht.

Iwwerdeems de Me Julien Kinsch, Affekot vum Ugekloten, drop plädéiert huet, et géif keen Indice dofir ginn, dass säi Client voll gefuer wär, huet d'Vertriederin vum Parquet betount, et misst een d'Fahrerflucht zréckbehalen, d'Fueren trotz Verbuet a wuel och dat ënner Alkoholafloss. Well de Mann net verstoe wéilt, sollt hien elo zu 6 Méint Prisong, enger ugemoossener Geldstrof an engem Fuerverbuet vun am Ganze 56 Méint, ouni Sursis, condamnéiert ginn.

D'Uerteel gëtt de 26. September gesprach.

Back to Top
CIM LOGO