Zanter e Méindeg steet d'Tourismusbranche a ganz Europa op der Kopp.

Thomas Cook ass net nëmmen deen eelste Reesoperateur, ma och ee vun deene gréisste weltwäit. Deementspriechend grouss sinn och d'Konsequenze vun dëser Faillite. Ronn 600.000 Touristen hänke fest, entweder op de Fluchhäfen oder an den Hoteller a fir méi wéi 21.000 Mataarbechter ass d'Zukunft ongewëss.

Déi wichtegst Hëllef fir d'Clienten ass déi sougenannten "Insolvenzversécherung", sou de Fernand Heinisch. Dës gräift awer net bei jidderengem. Och soss ginn et e puer Saachen, op déi ee muss oppassen, sou dass ee gutt aus der Vakanz heemkënnt a seng Suen erëmkritt.

Zu Lëtzebuerg soll den Impakt, bis elo, éischter kleng bleiwen. Wéi et an Zukunft genee wäert weider goen, ass aktuell nach net gewosst.