Neie Chefscout fir LëtzebuergDe genauen Oflaf vum Prënz Guillaume sengem Scoutsverspriechen

RTL Lëtzebuerg
Den Ierfgroussherzog Prënz Guillaume leet de 4. Oktober 2019 säi Scoutsverspriechen als Chefscout vun alle Scouten a Guide vu Lëtzebuerg of.
© © World Scout Foundation / Victor Ortega

Hien iwwerhëlt d'Nofolleg als Chefscout vu sengem verstuerwene Grousspapp, dem Groussherzog Jean, dee wärend 74 Joer Chef vun de Scouten am Grand-Duché war.

An dësem Kader deelt d'Associatioun Scouting in Luxembourg (SIL) mat, dass e Freideg, de 4. Oktober 2019, op der Kinnekswiss an der Stad d'Zeremonie ass. Et ginn tëscht 2000 an 3000 Guiden a Scouten erwaart, déi um Evenement deelhuelen. Och de Comité vun der Fondation Mondiale de Scoutisme wäert mat dobäi sinn.

Oflaf vun der Zeremonie

  • Depart vun de lokalen Treffpunkten zu Ettelbréck op der Gare (13h45), Esch/Uelzecht op der Gare (13h50), um Geesseknäppchen (14h15) an um Glacis (14h15),
  • 14h30 Arrivée vun de Guiden a Scouten op der Kinnekswiss,
  • 15h15 Arrivée vum Comité vun der Fondation Mondiale de Scoutisme,
  • 15h25 Arrivée vun den Éieregäscht,
  • 15h30 Ufank vun der Zeremonie,
  • 17h00 Schluss vum Scoutsverspriechen.
PDF: Communiqué vu Scouting in Luxembourg (28.9.19)

Back to Top
CIM LOGO