Chargéierten Dag fir Regierung, Patronat a Gewerkschaften. En Dënschdeg de Moie souzen d’Sozialpartner op Schlass Senneng zesummen, fir am Kader vum Semestre européen iwwert d’Lag vum Land ze schwätzen.
Op Invitatioun vun der Regierung koumen allen 3 Parteien en Dënschdeg de Mëtten nach emol zesummen.
Am komplizéierten Dossier “Sozialmodell Lëtzebuerg” huet ee sech allerdéngs net an der gewinnter 3-er Ronn gesinn, mä a bilaterale Gespréicher.
En Dënschdeg de Mëtteg war et fir d’éischt um Tour vum Patronat, fir eng gutt Stonn mat der Regierung ze schwätzen. D’Patronatsvertrieder hate rezent d’Verhale vun de Gewerkschafte kritiséiert an zéien zwou Bipartitten enger Tripartite vir. D’Patrone wëlle manner op de klasseschen Tripartite-Modell setzen a wënsche sech eng nei Form vun Dialog, spréch bilateral Gespréicher, bei där d’Responsabilitéit um Enn bei der Regierung läit.
An deem Sënn hätt ee Propose gemaach, esou den Nicolas Buck, President vun der Unioun vun den Entreprisen: Et geet ëm eng nei Method, déi méi produktiv, méi effizient ass. Et wier der UEL vu Regierungssäit nogelauschtert ginn. Elo waart een of, wat fir eventuell Propose vun den anere Partner wäerte kommen.
Duerno hunn déi 3 grouss Gewerkschafte wärend enger hallwer Stonn hir Doleancë matgedeelt. Hinne gefalen déi Virstellunge glat a guer net. Den OGBL-President André Roeltgen reprochéiert der UEL, eng Politik vum eidele Stull am Comité permanent du travail et de l’emploi ze bedreiwen. Et géing een dat als en Ugrëff op d’gewerkschaftlech Verhandlungsrechter vun de Salariéen ugesinn.
Mat als éischte Punkt vun der Fërderung vum Sozialdialog, esouguer der Opwäertung vum Comité permanent du travail et de l’emploi, erwaart sech den André Roeltgen vun der Regierung, dat wouer ze maachen, wat se selwer an hire Regierungsprogramm geschriwwen huet.
Ähnlech Téin koumen no der Entrevue vum LCGB-President Patrick Dury. Beim LCGB ass een entsat iwwer d’Positionnement vum Patronat am Dossier. D’Tripartite wier keen Auslafmodell. D’Gewerkschaften hale kloer um Tripartite-Modell fest. Et ass keen almoudeschen, mä e moderne Modell. Et goufen ëmmer Léisungen am Sënn vun de Salariéen an de Betriber fonnt, dat schéngt d’Patronat ze vergiessen.
E Freideg steet d’Saach um Ordre du jour am Regierungsrot an do solle Conclusioune gezu ginn. Et wier der Regierung wichteg, datt e konstruktive Sozialdialog zu Lëtzebuerg bestoe bleift, esou de Premier Xavier Bettel no der Reunioun. Hie ka kee forcéieren, mä dat gehéiert zum Erfolleg vu Lëtzebuerg an dat kann een net sou séier opginn.