Ouverture vun der 6. Editioun vun der Home Expo
Et ass och „Semaine du Logement“. Bis den 20. Oktober steet d'Doheem an der Luxexpo the Box am Mëttelpunkt.
Feierlech Ouverture um Samschdeg de Moien also vun der 6. Editioun vun der Home Expo a Presenz vum Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin.
"Home", op Lëtzebuergesch Doheem. Dat wat jidder Famille sech wënscht, awer hei am Land ëmmer méi schwéier gëtt, sech unzeschafen.
Déi nächst 9 Deeg steet d'Doheem also nees an der Luxexpo the Box am Mëttelpunkt. Vum Plangen, iwwert de Bau an d’Renovéieren, bis Dekoratioun a Miwwel.
Eng 30.000 Visiteure ginn um Kierchbierg erwaart. 220 Aussteller, virop aus dem Land, awer och aus der Groussregioun sinn dëst Joer nees um Rendez-vous.

© Didier Weber/RTL
A senger éischter Ried als Logementsminister ass den Henri Kox um Samschdeg de Moien op de Stellewäert vum Wunnen agaangen. Nieft dem Klimawandel, de groussen Defi fir d'Regierung.
"Wann een e stabilt Haus wëll bauen, muss een oppassen, wéi een d’Fundament mécht. Wann een do ufänkt ze fuddelen, ginn et herno Rëss bis zu engem baufällegen Haus. Dohin ass fir mech den ëffentlechen a bezuelbare Wunnengsbau d’Fundament vun eiser Wunnengsbau Politik. Mir mussen dëst Fundament massiv ausbauen. Wa mer dëst Fundament vun ëffentlechem a bezuelbare Wunnraum net ausbauen, riskéiere mer déi Rëss, déi mer virdrun am Haus haten, an der Gesellschaft ze kréien", sou den Henri Kox.
De frësch vereedegten Logements Minister huet e grousse Wäert drop geluecht, datt Lëtzebuerg e grousse Stack un ëffentleche Wunnenge geluecht. Besonnesch an der Lokatioun. Grad dorun hätt et an de leschte Joerzéngte gefeelt.
Den Henri Kox huet eng Rei Prioritéiten, Reformen ugekënnegt.
Vun där sou wichteger Zesummenaarbecht mat de Gemengen. Iwwer d'Wunnengsbau Gesetz, wat iwwerschafft gëtt. Bis den Ëmgang mam Bauland. Fir de Bau vu private Wunnengen, bis och regional Zonen, an deenen d'Handwierk doheem soll ginn. En Handwierk ouni dat et kee Bau gëtt.