Déi nei Tanklagere sollen Enn 2027 fäerdeg gestallt an am Fréijoer 2028 a Betrib geholl ginn.

Nei Tanklagere fir de Findel / Reportage: Annick Goerens

De Findel kritt eng nei sougenannt "Fuel Farm". Et huet zwee Gesetzprojete fir d'Finanzéierung gebraucht, mä den 1. Oktober gouf dann endlech den éischten Spuedestéch gemaach, direkt nieft dem Cargo Center an nieft der Tréierer Autobunn. An et gëtt héich Zäit fir déi nei Tanklageren.
 
Déi aktuell Tank-Anlage vum Lëtzebuerger Fluchhafe sinn nämlech aus de 70er Joren, zimmlech vereelzt an esou lues un hirem Liewensenn ukomm, wéi d'’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten Yuriko Backes erkläert.

"Et ass héich urgent, dass hei nei Infrastrukturen hikommen, dass hei eng nei Fuel Farm hikënnt. Déi nei Fuel Farm wäert dann och fënnef Mol méi Capacitéiten hunn wéi déi, déi haut en place ass, wat mer och wierklech brauchen. Mir ginn hei vun der Nato-Pipeline alimentéiert. Mir sinn en NATO-Flughafen. Och am Kontext vun der Resilienz, déi mer hei um Flughafe brauchen, ass dësen Investissement wierklech een extrem wichtegen."

Och fir den Direkter vun Luxairport Alexander Flassak ass dës nei Fuel Farm incontournabel.

"Mir kréien hei mam Ausbau 30.000 Meterkibb Capacitéit. An dat geet bei engem normale Verkéier duer fir zwou bis zwou an eng hallef Wochen. Also däitlech méi wéi mat der Capacitéit vun der aktueller Fuel Farm. Déi läit bei 8.000 Meterkibb. Dat heescht, mir hunn eng däitlech Steigerung vun eiser Capacitéit, wat eis elo nach laang Jore fir de Flughafen hëlleft. Also fir d'Weiderentwécklung vum Flughafen, fir de Verkéierswuesstem, mee virop fir eis Resilienz."

Et huet extrem laang gedauert, bis endlech konnt gebaut ginn. Dat läit ënnert anerem och dorun, dass d'Präisser fir ze bauen ëmmer weider an d'Luucht gaangen sinn.

"Ech brauch net drun z'erënneren, dass mer eng Energiekrise haten, dass mer virdrun eng Pandemie haten. Dat heescht och d'Inflatioun huet dozou bäigedroen, dass et mat deene Montanten, déi à l'origine geduecht waren, net duergeet. Dofir ass dann een Finanzéierungsgesetz gestëmmt ginn. Dat ass e Finanzéierungsgesetz vun 85 Milliounen Euro. Indexéiert sinn mer do op 100 Milliounen Euro. Och dat geet hei net duer, sou dass ech en Accord mat der Chamber, nach een zweet Finanzéierungsgesetz nogereecht hunn."