E Mëttwoch hunn d'Hopitaux Robert Schuman op der Cloche d’Or den neien Déngscht fir medezinesch Bild-Diagnostik („imagerie médicale“) a Betrib geholl.

Dëst wier e Schrëtt an der Strategie, fir d’medezinesch Offer am Interessi vun de Patienten ze stäerken an dezentral ze organiséieren.

D’Infrastruktur op der Cloche d’Or ëmfaasst en IRM, eng Mammographie-Anlag, klassesch Röntgen-Technik an e CT-Scanner, souwéi déi néideg Praxis- a Verwaltungsraim, dat Ganzt op enger Fläch vun ongeféier 900 Quadratmeter.

Während d’Radiologiezentrum am éischte Stack vum HRS-Standuert Cloche d’Or läit, soll den zweete Stack an nächster Zukunft fir ambulant Zwecker genotzt ginn. Am drëtten Stack ass de Gesondheetszentrum vum HRS-Grupp ënnerbruecht.

Dëse Gesondheetszentrum, dee vun der „Fondation Hôpitaux Robert Schuman“ bedriwwe gëtt, bitt personaliséiert Programmer, Ernärungsberodung an individualiséierte Konzepter un. D’Zil ass Krankheetspräventioun, den Erhalt vun der Gesondheet an d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit.

Firwat Cloche d’Or?

D’Quartier ass bekannt fir seng dynamesch Entwécklung, héichwäerteg Wunnengen, Bürosgebaier an Akafszentren. An de leschte Jore gouf de Standuert staark ausgebaut, fir de Besoine vun der wuessender Bevëlkerung an Ekonomie gerecht ze ginn. D'Cloche d’Or läit no bei der Autobunn a bitt e gudden Uschloss un den ëffentlechen Transport, inklusiv Buslinnen.

D’Géigend verfüügt iwwer modern Infrastrukturen, Akafsméiglechkeeten, Restauranten a Fräizäitofferen. Et ass eng beléift Géigend fir Familljen, Leit, déi schaffen an Investisseuren. De Quartier entwéckelt sech weider mat neie Bauprojeten an Innovatiounen, heescht et am Schreiwes vun den HRS.