Manon Kolber-Hoffmann gëtt nei Buergermeeschtesch

D'LSAP-Politikerin iwwerhëlt domadder d'Successioun vun hirem Parteikolleeg Fernand Marchetti, deen am Juni dëst Joer säi Récktrëtt annoncéiert hat.
D'Manon Kolber-Hoffmann gouf vum Gemengerot mat 10 Jo-Stëmmen an enger Enthalung ugeholl, elo gëtt si dem Grand-Duc als nei Steeseler Buergermeeschtesch proposéiert. Zesumme mam Koalitiounspartner vun der DP géif ee weider un der Ëmsetzung vum Koalitiounsaccord schaffen, heescht et am Schreiwes vun der lokaler LSAP-Sektioun.
De 76 Joer ale Fernand Marchetti krut fir säin onermiddlechen Engagement als Gemengepapp Merci gesot.
Bei de Gemengewalen 2023 hat d'Manon Kolber-Hoffmann knapp e Sëtz am Gemengerot verpasst, nodeems si op der LSAP-Lëscht op déi sechste Plaz gewielt gouf. Uganks vum leschte Joer war si du fir d'Monique Feltgen nogeréckelt. De Koalitiounsaccord tëschent der LSAP an DP gesäit vir, datt d'LSAP wärend der ganzer Legislaturperiod de Buergermeeschter stellt, vun nächstem Joer un dann och ee Schäffen.