Weider mellt d'Police Abréch an Autoen an e Mann, dee sech trotz Verbuet an der Ëmgéigend vum Wunnuert vu senger Ex-Frëndin opgehalen huet.

Wéi d'Police matdeelt, gouf en Dënschdeg den Owend an der Rue Emile Mark e Mann gemellt, dee Schnëttverletzungen hat. D'Affer gouf nach op der Plaz behandelt, koum dono an d'Spidol. D'Sich nom Täter war ouni Succès, dofir goufen awer Ermëttlungen opgeholl.

Festgeholl gouf dunn e Mann zu Viichten, dee sech am Ëmkrees vun der Wunneng vu senger Ex-Frëndin opgehalen huet, obwuel him dëst duerch eng riichterlech Decisioun verbuede war. De Mann hat e Mëttwoch de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Da mellt d'Police nach, datt verschidde Géigestänn aus Autoe geklaut goufen. Dat ënner anerem um Lampertsbierg an zu Diddeleng.

Am Garer Quartier gouf dann en Dënschdeg de Mëtteg nach e Mann festgeholl, dee mat Droge gedealt soll hunn. Beamten hate de Mann dobäi gesinn, wéi hien enger anerer Persoun eppes ginn hat. Bei der Kontroll goufe beim presuméierten Dealer och Droge fonnt. Déi, wéi och Suen an Handyen, goufe saiséiert. De Parquet huet de Mann verhafte gelooss.