Wat huet am Verglach zum Trounwiessel 2000 geännert?

© RTL Grafik
E Freideg ass et esou wäit: Lëtzebuerg kritt mam Grand-Duc Guillaume een neie Staatschef.
Den Trounwiessel leeft ënnert engem geneeë Protokoll of, esou wéi dat och scho beim leschten Trounwiessel am Joer 2000 de Fall war. Genee wéi deemools fänkt deen offiziellen Deel am Palais un, wou den haitege Grand-Duc Henri een Arrêté grand-ducal wäert ënnerschreiwen, mat deem hie säi Règne zu Gonschte vu sengem eelste Fils, dem Nach-Ierfgroussherzog Guillaume, oftrëtt. Am Joer 2000 war et de Grand-Duc Jean, deen ofgedankt huet. Bei dëser Geleeënheet war et den deemolege Staatsminister Jean-Claude Juncker, deen dem fréiere Staatschef an enger emotionaler Ried Merci gesot huet:
"Mir freeën eis op de Grand-Duc Henri an op d'Grande-Duchesse Maria-Teresa. Mir gesinn Iech net gäre goen, mä et geet net anescht. Mir hätten Iech am léifsten alleguer. Dir gitt och net richteg an et ass de Wonsch vun de Lëtzebuerger, dass mer Iech oft an dacks gesinn. Dir hutt virun zéng, eelef Joer de Lëtzebuerger zougeruff, Dir wiert stolz hire Grand-Duc ze sinn. Abee, ech soen Iech haut, Monseigneur, Dir hutt als eise Grand-Duc ee Parcours ouni Feeler gemaach. Mir ware stolz op Iech, mir si stolz op Iech a mir bleiwe stolz op Iech. Merci, Monseigneur. Merci, Madamm."
Och de Luc Frieden wäert am Palais schwätzen. Mat dobäi sinn och dës Kéier nees Membere vun de belschen an hollännesche Kinnekshaiser: De Kinnek Philippe ass mat senger Fra Mathilde an der Ierfprinzessin Elisabeth am Palais. Fir dat hollännescht Kinnekshaus ass et de Kinnek Willem-Alexander mat senger Fra Maxima an der eelster Duechter Catharina-Amalia. Duerno geet et dann eriwwer an d'Chamber, wou den neie Grand-Duc Guillaume no enger Ried vum Chamberspresident Claude Wiseler vereedegt gëtt. Viru 25 Joer war dat den deemolege Chamberspresident Jean Spautz:
"Monseigneur, ech ginn Akt vun Ärem Aide als neie Groussherzog vu Lëtzebuerg a mat deem ganze Vollek soen ech: Vive de Grand -Duc, Vive d'Grande-Duchesse!"
Bei dësem Trounwiessel ass den Eed dann och wéinst der Verfassungsännerung ugepasst a verkierzt ginn: An engem Saz versprécht de Grand-Duc Guillaume, d'Constitutioun ze observéieren a seng Funktiounen deementspriechend auszefëllen. Nom Eed hält de Grand-Duc Guillaume da seng Trounried, esou wéi et och scho säi Papp, de Grand-Duc Henri, viru 25 Joer gemaach huet:
"Ech verspriechen haut alle Matbierger virun de Vertrieder vun den Institutioune vum Land, zesumme mat der Grande-Duchesse, dem Guillaume an all eisen anere Kanner, mäi Bescht ze ginn, fir d'Heemecht an all Leit, déi bei eis wunnen. Sou wéi eis Famill et an der Vergaangenheet gemaach huet, wëllen och mir Freed a Leed mat alle Matbierger deelen."
Duerno geet de Programm virun: Fir d'éischt gëtt d'Europa-Hymne gespillt. Beim Trounwiessel 2000 gouf déi nach net gespillt. Duerno ass et dann awer un der Heemecht. Domat ass den offiziellen Akt u sech gepackt. Déi nei groussherzoglech Koppel mécht sech dann op de Wee an d'Stater Märei, ier et da fir ee Mëttegiessen mat den nationalen an internationalen Éieregäscht an de Cercle geet.
Domat ass et awer mat de Feierlechkeeten nach net gedoen: Owes ass ee Gala-Diner am Palais, wou dann och den däitsche Bundespresident Steinmeier souwéi de franséische President Macron wäerten dobäi sinn. Den Dag drop ass dann dem Grand-Duc seng feierlech Tournée duerch d'Land, ier et dann owes um Glacis ee Concert mat Drone-Show wäert ginn.
D'Joyeuses Entrées sinn also direkt een Dag nom Trounwiessel. Dat war jo viru 25 Joer anescht: Deemools waren d'Joyeuses Entrées eréischt am Abrëll 2001, dat well d'Feierlechkeete wéinst dem uergen Autosaccident vum Grand-Duc Henri sengem Brudder, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Sibilla no hanne verréckelt gi sinn.
Volle Programm also. A wéi viru 25 Joer kënnt Dir alles bei eis op den Antenn suivéieren. Am Ganzen 20 Stonne Live-Sendung op déi zwee Deeg verdeelt, Live-Interventioune souwuel op der Tëlee wéi och um Radio. Op RTL verpasst een also déi nächst Deeg näischt.