De Jean Asselborn wiert sech géint Aussoe vum Fernand Kartheiser

No Aussoe vum Fernand Katheiser géint den Ausseminister Jean Asselborn en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber, koum et jo hei bal zu engem Eclat.
Wéi de Fernand Kartheiser vun der ADR en Donneschdeg fir d'Debatt vun der Lag vun der Natioun an der Chamber massiv géint den Ausseminister Jean Asselborn gewiedert huet an hien ënner anerem als "Schutzpatroun vun de Mënscheschleiser am Mëttelmier" bezeechent huet an him souguer indirekt Mënschenhandel virgehäit huet, bezitt de Jean Asselborn elo op Facebook Positioun.
Hei war et jo en Donneschdeg zu deels heftege Reaktioune vu Säiten de Regierungsmembere komm, dat virun allem, well een den Ausseminister mat engem Kriminelle géif gläichsetzen. Ënnert anerem haten sech de Minister François Bausch, de Premierminister Xavier Bettel an den Alex Bodry vun der LSAP hefteg zu Wuert gemellt.
Kuerz drop koum et souguer bal dozou, dass d'Regierungsparteien d'Chamberssëtzung verlooss hätten. Den Deputéierte Fernand Kartheiser krut dann och wéinst der Ausso en Avertissement vum Chamberpresident ausgeschwat.
Vum ADR-Facebook
An sengem Kommentär betount den Ausseminister, dass een bei der ADR e "staarke Rietsdrall" géif feststellen an dass d'Partei sech ëmmer méi zu enger "Succursale" vun der AfD géif erauskristalliséieren.
Hei dei komplett Reaktioun vum Jean Asselborn: