Alkohol um SteierZwee Fürerschäiner agezunn an een Auto séchergestallt

Andy Brücker
Dag fir Dag si Leit ëmmer nach mam Auto ënnerwee, och wa se ze vill gedronk hunn.
© Laurent Weber

E Sonndeg den Owend ass enger Policepatrull zu Stengefort an der Lëtzebuerger Strooss en Automobilist opgefall, dee fir d’éischt matten op der Strooss stoe bliwwen ass, an duerno a Richtung Wandhaff fortgefuer ass. D’Polizisten hunn de Chauffer gestoppt a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Och e Sonndeg krut d’Police en Auto gemellt, deen zu Kielen an engem Gruef géif leien. Eng Policepatrull ass séier op d’Plaz gefuer a konnt de Chauffer nach untreffen, deen däitlech gewierkt huet, wéi wann en ze vill gedronk hätt. E gouf fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht. E krut de Fürerschäin ofgeholl an op Uerder vum Parquet gouf säin Auto séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO