Staatsminister steet komplett hannert der Familljeministesch

Et ware keng "Urgencë" gefrot, mä anscheinend hat de Staatsminister eng gewëssen "Urgence" erkannt...
Dat, nodeem e Méindeg d'Deputéiert Diane Adehm (CSV) an de Fernand Kartheiser (ADR) parlamentaresch Froe wéinst der Mail am Abrëll vun der Ministesch Corinne Cahen un de Stater Geschäftsverband gestallt haten, koum ewell en Dënschdeg den Owend d'Äntwert. Dat ass eng absolut Exceptioun, wat d'Beäntwerte vun parlamentaresche Froen ugeet, déi sech soss iwwer Wochen zitt. En Dënschdeg waren iwwerdeems d'Ministere Bettel a Cahen genee wéi bal all déi aner Regierungsmemberen de ganzen Dag um Sennenger Schlass mat der Landesregierung vu Rheinland-Pfalz beieneen.
De Staatsminister seet a sengen Äntwerten, datt et e "perséinleche" Message vun der Madamm Cahen un de Geschäftsverband gewiescht wier an, datt si sech ewell virun hirem Mandat an der Regierung fir de lokale Commerce engagéiert gehat hätt.
Mam Deontologie-Kodex vun der Regierung stéing dëse Mail NET a Konflikt, seet de Xavier Bettel, deen domat och en Interessekonflikt de facto ausschléisst.
Den Effort, deen d'Madamm Cahen duerch hiert Schreiwes zum Ausdrock bruecht hätt, wier och net als "inacceptabel" ze bewäerten, an et géife keng Ursaachen ginn, fir de Comité d'Ethique mat der Affär ze befaassen. Heibäi berifft sech de Premier op de Code de Deontologie fir d'Regierung, deen zanter 5 Joer gëllt. Deemno géifen et KENG Ambiguitéite ginn.
De Mail un de Stater Geschäftsverband vun der Ministesch Corinne Cahen via där hire Mail-Kont vum Ministère, wier och net als eng Zort vu Reklamm fir e Schongbuttek op der Stater Gare ze gesinn.
E Lien mat der Affär Traversini gesäit de Staatsminister och net; idem fir all eventuell Konsequenzen, déi d'Deputéiert Kartheiser an Adehm an hire parlamentaresche Froen ugedeit haten.
E Méindeg hat sech d'Familljeministesch de facto iwwer Facebook derfir entschëllegt, fir de Mail iwwert de Regierungs-Mail-Kont geschéckt gehat ze hunn. D'Corinne Cahen schreift, datt si dëst géif "bedaueren", mä datt den Inhalt vun hirem Mail un de Guill Kaempff géif richteg bleiwen.