Klimaschutzgesetz ugehollGréng Luucht fir de Klimapak am Regierungsrot

Maxime Gillen
D'Ministeren hunn d'Gesetz fir de Klimapak e Freideg de Moie guttgeheescht.
VIDEO: Klimapakt / Rep. Raphaëlle Dickes (29.11.19)
D'Ministeren hunn d'Gesetz fir de Klimapak e Freideg de Moie guttgeheescht.

De Regierungsrot huet e Freideg e Klimaschutzgesetz ugeholl. Domat soll e Kader geschaaft ginn, fir d'Klimaziler kënnen z'erreechen. Lëtzebuerg wéilt dann och bis 2030 d'CO2-Emissioun ëm 55 Prozent erofschrauwen, esou d'Annonce vun de Ministeren Dieschbourg an Turmes. Bis d'Joer 2050 wëll een a Punkto CO2 komplett Klima-neutral ginn.

Klimaschutzgesetz ugeholl / Reportage Maxime Gillen

Ob et elo zu enger CO2 Steier kënnt an ëm wéi vill d'Accisen um Sprit erhéicht ginn, ass een e Freideg nach net gewuer ze ginn. Datt Kompensatiounsmesuren virgesi sinn, deit awer schonn an déi Richtung hin.

Carole Dieschbourg:Wa mer mierke sollten, dass Klimamesurë sollte besonnesch déi sozial Schwaach treffen, dass mer eis dee Moment am Gesetz de Prinzip vum Kompenséiere scho mat festhalen, well et wichteg ass, dass mer wierklech jiddereen um Wee fir méi Klimaschutz mathuelen.

Et wëll ee sech also Ziler setzen. A fir dass dat méiglechst effikass ass, soll all eenzele Secteur kloer wësse wourop ee muss hischaffen.

Carole Dieschbourg: Sektoriell Klimaziler bedeit näischt aneschters, wéi dass all Secteur, sief et de Beräich vun der Industrie, vun der Constructioun, vum Transport, oder awer och der Landwirtschaft oder dem Offallberäich, dass all Secteur eng Responsabilitéit huet, fir a senge Beräicher Klimaziler z'erreechen. Mir ginn eis also sektoriell Ziler, wou mer eis d'Méiglechkeet ginn, all Joer ze kucken, ob och jidderee geschafft huet a sengem Beräich. Et wäert an engem Comité, dee mer an der Regierung maachen, eng järlech Analys ginn, et wäert e Bilan gemaach ginn an all Secteur wäert ebe säin Emissiounsbudget hunn.

Konkret Ziler, wéi ee Secteur - vun Industrie, iwwer Transport, Gebailechkeeten, Landwirtschaft oder Offall - wéivill CO2-Emissiounen een a wéi engem Zäitraum aspuere muss, wäerten iwwer groussherzoglech Reglementer festgehale ginn.

Carole Dieschbourg:Firwat e Reglement grand-ducal? Majo, well de Paräiser Klimaaccord, deen huet virgresinn, dass mer all 5 Joer nach eng Kéier kucken, ob dat duergeet. Dat heescht, mir wollten eis elo net schonn am Gesetz fixéieren op ganz laang Zäit. Mir wollten e Mëttelwee fannen, fir dass mer iwwert e Reglement grand-ducal noreglementéieren an zwar a Richtung Ambitioun.

© AFP Archivbild

Ob d’Secteuren hir Hausaufgaben dann och maachen a genuch CO2 aspueren, dat soll een interministerielle Kommitee Joer fir Joer iwwerpréiwen a Bilan zéien. Wéi ee Spillraum dëse Kommitee wierklech huet, fir Drock op déi eenzel Secteuren auszeüben, ass net kloer.

Carole Dieschbourg:Et ass ganz klar, dass wann ee Bilan mécht a gesäit, datt d'Mesuren net duerginn, datt dee Kommitee der Regierung nei Mesurë wäert proposéieren, déi dann och als ganz Regierung wäerten ugeholl ginn.

Mam neie Gesetz ginn dräi nei Instanze geschaaft. Virop e Conseil interministeriel mat alle Ministeren, déi mam Klimaschutz ze dinn hunn, fir déi gemeinsam Klimapolitik méiglechst effikass ëmzesetzen. Gläichzäiteg gëtt eng Klimaplattform op d'Bee gesat mat alle concernéierten Acteuren, wéi der Ëmweltbeweegung, de Gewerkschaften, gemengnëtzegen Organisatiounen an dem Patronat.

Mat deem Gremium sollen all Moossname vun der Regierung am Detail duerchdiskutéiert ginn, respektiv Iddien ausgeschafft ginn, wann ee mat der Ëmsetzung vun dëse Moossnamen net géif virukommen. Ma d'Wëssenschaft misst och eng zentral Roll an der Klimapolitik spillen, esou de Claude Turmes.

De Claude Turmes: Well Klimaschutz eng komplex Matière ass, wou d'Politik och muss am positive Sënn berode ginn, schafe mer och – an ech mengen dat ass e bëssen e Novum fir Lëtzebuerg – e wëssenschaftleche Klima-Observatoire. Wou mer net nëmme Leit wëllen eranhuelen, déi hei zu Lëtzebuerg eng Exzellenz duerstellen am Beräich vum Klimaschutz, mä wou mer och wëllen international unerkannten Experte mat eranhuelen, fir dass mer ëmmer, als Regierung, um leschte Stand sinn vun der Klima-Wëssenschaft an awer och um leschte Stand si vun de Moossnamen, déi mer huelen, fir Klimaschutz ze bedreiwen an eben och an där Saach, déi och méi wichteg gëtt, wéi zum Beispill Klima-Adaptatioun.

Wéi eng konkret Mesuren d'Regierung elo am Kader vun dësem Gesetz wëll huelen, presentéiert si dann am Prinzip Enn nächster Woch.

Nach ass dëst Gesetz awer just e Projet. Elo muss et nach duerch de Staatsrot an duerno d'Chamber goen.

Demo fir d'Klima

Vu 15 bis 18 Auer war e Freideg virum Parlament mobiliséiert ginn. Mat der Demo wollt een Drock maache fir de Klimaschutz an och Drock op d'Regierung maachen, well de Lëtzebuerger Klimaplang gouf bis e Freideg weder am Public nach an der Chamber presentéiert. U sech sollt e bis Enn dës Joers op Bréissel geschéckt ginn. Deen Delai ka Lëtzebuerg sécher net anhalen.

Youth for Climate Lëtzebuerg hat präziséiert, datt et eng friddlech Aktioun ass. Et sollt ee waarm Kleeder, Decken, Campingstill an eng Taass fir Téi matbréngen.

An iwwer 150 Länner op der ganzer Welt war dëse Freideg fir eng konsequent Klimapolitik manifestéiert ginn, an datt sech un de Paräisser Klimaaccord gehale gëtt.

Reaktioune vun de Parteien

PDF: Schreiwes vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO