Am Regierungsrot krut den nationalen Energie- a Klimaplang de Feu-vert. Detailer goufen am Laf vum Freideg bekannt.

All EU-Memberstaat war opgefuerdert, bis Enn 2019 en nationale Klima- an Energieplang opzestellen. D'Lëtzebuerger Regierung hat sech als Zil gesat, nach besser ze sinn, wéi dat wat Bréissel virgesäit.

Dofir sollt zum Beispill och de Lëtzebuerger Finanzsecteur mat an d'Boot geholl ginn. Dat war zumindest esou am Mee am Kader vun engem Workshop matgedeelt ginn.

Den Energieminister Claude Turmes schwätzt vun engem Quantesprong an der Energie- a Klimapolitik. Déi wichtegst Mesuren hätt een identifizéiert:

Diesel-Transit reduzéieren, an der Elektromobilitéit e Virreider sinn, ëffentlechen Transport massiv ausbauen, d'Industrie muss hire Bäitrag leeschten, Mazouts-Ersatz-Programm, Zero-Waste-Strategie, Methan-Strategie an der Landwirtschaft.

Agedeelt ass de Plang a sektoriell Beräicher. Wann nei gebaut géif ginn, misst kloer sinn, dass Null-Energie-Haiser gebaut ginn, sou de Claude Turmes weider.

Wa mer nei Autoe kafen, missten déi tendenziell a Richtung "keng fossil Energie" goen, ma éischter Elektroauto. Et bräicht een awer och Moossnamen, déi een am Iwwergang finanziell géif ënnerstëtzen. 2021 soll dann eng CO2-Steier am Kader vun der allgemenger Steierreform a Kraaft trieden. Pro Tonn CO2 bezilt een dann 20 Euro, 2023 wäerten et der viraussiichtlech 30 sinn.

Dat ass eng vun de Mesuren, déi déi zoustänneg Ministeren am Kader vum Klimaplang presentéiert hunn. Erwaart gi sech doduerch Recetten tëscht 100 an 150 Milliounen Euro d'Joer, d'Hallschent dovunner soll fir sozial Kompensatiounsmesurë genotzt ginn. Iwwer e Crédit d'Impôt sollen déi Leit, déi am Meeschte vun der CO2-Steier spieren, entlaascht ginn. Déi aner Hallschent soll geziilt fir de Klimaschutz genotzt ginn.

Klimapak presentéiert / Reportage Claudia Kollwelter

Vill Mesuren, déi allerdéngs net weider an den Detail ginn. Dat hu souwuel den David Wagner vun déi Lénk, wéi och de Paul Galles vun der CSV no der Presentatioun an der Chamberkommissioun bedauert:

An dat ass wierklech problematesch, well et sinn Intentiounen. An et kéint ee laang driwwer diskutéieren. Wat feelt, wat ze vill ass, wat net richteg ass a sou weider. Mä einfach sou kann een net reagéieren, ass d'Kritik vun deene Lénken.

Et steet net dran, wat bis wéini soll realiséiert ginn. Just grouss Ziler a Prinzippien. Dat heescht, mir kënnen nach ëmmer net schaffen an dat ass eppes, wat eis frustréiert, wat eis béis mécht, well mer méi wëllen. Mir wëllen eppes mat deem mer kënne schaffen, wat mer kënne kritiséieren, wat mer kënnen an de Grapp huelen, wat mer kënne verbesseren. Mir kënnen net gläichzäiteg, engersäits d'Urgence proklaméieren an déi och nach verdeedegen, an anersäits soen: mir hu just dat doten! Dat ass ze wéineg, esou de Paul Galles.

D'Regierung huet de Klimaplang e Freideg de Moien ugeholl. No der Cop25 zu Madrid soll et en Debat an der Chamber ginn, an am Januar wäert et och eng consultation publique ginn.

Klima- an Energieplang: Regierung gëtt sech héich Ziler (Reportage vum 21. Mee 2019)
Eng EU-Reglementatioun obligéiert all Memberstaat, bis d'Enn vun dësem Joer en nationale Klima- an Energieplang opzestellen.