
D’CSV-Conseillère aus der Gemeng Monnerech huet sech géint den Diddelenger LSAP-Député-Maire Dan Biancalana duerchgesat. Beim Vott stoung et 19 zu 16.
Vize-President bleift iwwerdeems den Escher CSV-Député-Maire Georges Mischo.
Neien Déifferdenger Vertrieder bei Pro-Sud ass iwwregens de Fränz Schwachtgen.
Am Pro-Sud hu sech 11 Gemengen zesumme gedoe fir d’Südregioun ze fërderen an déi regional Entwécklung mat ze gestalten.
