
An eisem leschten Episod vun der Serie “Lëtzebuerger am Ausland” léiere mer d’Carina Rogerio kennen.
Si huet 40 Joer, kënnt vu Beetebuerg an ass virun 8 Joer op Singapur gereest an do bliwwen. Nieft hirem Beruff als Affekotin huet d’Carina sech zu Singapur nämlech een zweet Standbeen opgebaut. Wéi et dozou komm ass a wat si sou gär huet un der Millioune-Metropol, huet si dem Yves Trevalec verroden.
Wéi e kleng war, wollt e Bauer ginn. Haut ass de Sam Reuter Marken-Ambassadeur vun Davidoff, engem bekannten Zigaren-Hiersteller.
Nei Produkter entwéckelen, se presentéieren, ronderëm d’hallef Welt fléien - esou gesäit säin Aarbechtsalldag aus. An eiser Serie “Lëtzebuerger am Ausland” begleede mir de jonke Lëtzebuerger op senge Geschäftsreesen, vun Dubai bis op Zürech. Wéi de Sam zu dësem Job komm ass a wat en nach mat Lëtzebuerg verbënnt, huet fir eis den Yves Trevalec nogefrot.
An der Serie “Lëtzebuerger am Ausland”, treffe mer haut d’Peggy an de Philippe, déi viru 4 Joer a Schweden ausgewandert sinn.
Am 5. Episod hate mir si am Summer getraff, ma an der Suite weisen si eis, wéi schéi Schweden am Wanter ass a stellen eis ee ganz besonnesche Personnage an deem seng pelzeg Frënn vir. Den Yves Trévalec mam Reportage.
Eng sécher Aarbechtsplaz opginn, Famill a Kolleegen zréckloossen an an engem anere Land een neit Liewen ufänken.
Dat hunn d’Peggy Schroeder an de Philippe Jentgen gemaach. Virun zwee Joer si si a Schweden geplënnert a hu sech an eng nei Aventure gestierzt. Vill Aarbecht a Suen hu si investéiert, fir hire Projet ze realiséieren, fir dat ze maachen, wat hinne gefält. Wéi si sech a Schweden agelieft hunn a wat dëst Land alles ze bidden huet, hu si dem Yves Trevalec gewisen.
Zu Lëtzebuerg huet hie bei Médecins Sans Frontières geschafft, war souguer eng Zäit laang President vun der Associatioun. Duerch seng Aarbecht ass e vill ronderëm d’Welt komm, ma virun 9 Joer huet hie sech zu Singapur néiergelooss, dat mat Fra a Kand. Mam Yves Trevalec huet den André iwwert seng Zäit zu Lëtzebuerg an iwwert säi Liewen an der Millioune-Metropol geschwat.
Abu Dhabi ass bekannt als Luxus-Destinatioun a virun allem beléift als Dages-Ausfluch vun Dubai aus. De Paul Werné awer nennt Abu Dhabi säin neit Doheem. Virun 8 Joer huet hie sech do néiergelooss a schafft aktuell fir Etisalat, den nationalen Telekommunikatiouns-Operateur.
Vun de wäisse Plagen a schicken Akafszentren kann hien also all Dag profitéieren. An eiser Serie “Lëtzebuerger am Ausland” erzielt de Paul eis méi iwwert säi Liewen zu Abu Dhabi, weist eis déi bekanntste Moschee an hëlt eis mat an déi gréisst Sandwüst vun der Welt. Den Yves Trevalec huet hien dobäi begleet.
Hie kënnt vun Dippech, wunnt elo awer zu Washington a bedreift do zanter 10 Méint een Hotel. Awer net egal wéi een. Rieds ass vum Watergate-Hotel, bekannt ginn duerch de Polit-Skandal ronderëm de President Nixon a seng Oflauschter-Affär.
Den Yves Trevalec huet de Pascal Forotti a senger neier Heemecht an am weltberüümten Hotel besicht.
An eisem éischten Deel léiere mer d’Vera kennen. Si ass 2017 vun Klierf a Polynesien ausgewandert. An dat war natierlech eng gréisser Ëmstellung. Trotzdeem huet ee sech hei direkt akklimatiséiert.
Net esou schwéier, well d’Wieder op der Draaminsel natierlech besser ass, ma och de Loyer bei wäitem méi déif ass, wéi heiheem. E Portrait vum Yves Trévalec.