An der Chimie gëtt vun 3 Aggregatzoustänn geschwat: fest, flësseg, gasfërmeg. An der Fuerschung gëtt Plasma als 4. Aggregatzoustänn ugesinn.
A mat Plasmastrahle kann een ënnert anerem Uewerflächen traitéieren, e Fuerschungsfeld, an deem de Luxembourg Instiute of Science and Technologie täteg ass.
Ee vun de Metaller, dat esou verschafft gouf, ass Aluminium. De LIST huet hei mat engem Groussindustriellen zu Lëtzebuerg geschafft, d’Metall gouf esou traitéiert, datt d’Waasser vun der Uewerfläch ofpärelt.
An eiser Serie iwwert de Luxembourg Institute of Science and Technology weise mer iech, wéi Fuerscher vum LIST un engem hapteschen Ecran schaffen, dat heescht un engem Ecran, wou ee Saache fille kann.
Un dëser Technologie schaffe Fuerscher vum LIST. Dat Ganzt fonctionéiert duerch elektresch Energie, déi a mechanesch ëmgewandelt gëtt. Dës Technologie ass zu Lëtzebuerg patentéiert a wa se a 5 Joer serieméisseg am Ecran ze spieren ass, fillt ee Lëtzebuerger Know-how.
Ob een och scho Kontakter mat Firme wei Apple oder Samsung hat, wollt de Wëssenschaftler net verroden. Ma dës Technologie ass zu Lëtzebuerg patentéiert a wann a 5 Joer dëst serieméisseg am Ecran ze spieren ass, fillt ee Lëtzebuerger Know-how dat mat Fuerschungsgelder vum FNR finanzéiert gouf.
Eng vun de groussen Erausfuerderunge bleift de Logement. Iwwerall entstinn nei Quartieren. An Zäite vu Klimawandel a knappe Ressourcë gëllt et, d’Urbaniséierung besser ze organiséieren. Am drëtten Deel vun eiser Serie iwwert de Luxembourg Institute of Science and Technology weise mer iech, wat de Bäitrag vum Fuerschungszenter ass.
Et misst ee nëmme virun der eegener Hausdier kucken, fir eng Simulatioun z’erstellen fir erauszefannen, wéi Stied kënne besser geplangt ginn.
De LIST huet säi Siège um Belval. Fuerscher vum LIST hu mëttels Donnéeën, déi ëffentlech zougänglech sinn, Belval simuléiert. Gekuckt gëtt virop de Waasser- an Energieverbrauch a wéi een deen optiméiere kann, esou de Sylvain Kubicki, IT-Spezialist vum LIST.
Och d’Awunner sollen an Zukunft hir Iddie mat afléisse loosse bei der Gestaltung vun neie Quartieren. Nei Technologië sinn am Gaang, d’Planung vu Quartieren ze wandelen, ma och d’Aart a Weis wéi an Zukunft gebaut gëtt
En Donneschdeg weise mer an eiser Serie iwwert de LIST, wéi eng Äntwert d’Wëssenschaft bitt. De Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaften an Technologien huet eng Software entwéckelt, déi et ënnert anerem erméiglecht, e Chantier besser ze organiséieren an och den Decideuren hëllefe soll, Entscheedunge méi einfach ze treffen.
Zu Lëtzebuerg gëtt et vill grouss Bauprojeten. Ee vun de gréissten aus de leschte Jore war um Royal Hamilius, dee fir vill Chaos gesuergt huet. Fir d’Wëssenschaftler vum LIST d’ideaalt Beispill, fir ze kucken, wéi ee Chantiere besser kann organiséieren. Mat reellen Donnéeë vum Terrain huet een eng Simulatioun gemaach.
Esou mécht et zum Beispill een Ënnerscheed, ob grouss oder kleng Camionen de Chantier beliwweren. E weidere Parameter, dee gekuckt gouf, ass den Impakt vun engem Kollektzenter, wou dat ganzt Material geliwwert gëtt a vun do aus mat Camionen op de Chantier gefouert gëtt. De Projet huet gewisen, datt et Sënn mécht, fir grouss Chantieren Zentren ze schafen, wou als éischt d’Material geliwwert gëtt an da vun do aus mat Camionen op d’Chantieren ze fueren. Et géif e grousst Potential ginn, fir esou Simulatiounen zu Lëtzebuerg ze notzen, ma bis elo gëtt dat net gemaach. Bréngt een et fäerdeg, d’Unzuel u Camionen op de Stroossen ze reduzéieren, gëtt et automatesch manner Stau.
Wéi kënnen nei Technologien d’Gesellschaft begleeden oder esouguer veränneren?
Ee vun den zentralen Akteuren zu Lëtzebuerg ass d’Universitéit, ma och Fuerschungszentren wéi de LIST begleede gesellschaftlech Verännerungen.
Zanter dem éischte Februar dëst Joer leet de Schwed Thomas Kallstenius als neie CEO de Luxembourg Institute of Science and Technology, wou ee vun de Fuerschungs-Schweierpunkten digital Simulatioune sinn.
De Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaften an Technologien huet eng digital Kopie vu Lëtzebuerg erstallt. Mat dëser Simulatioun wëll een a Froen vun Urbaniséierung a Mobilitéit virukommen.
Dëse Modell kéint et erméiglechen, den Trafic besser ze organiséieren oder op d’mannst besser ze verstoen.
