
D’Santé schätzt, dass virun allem an der 2. Hallschent vum Januar d’Grippe-Infektioune massiv dierfte klammen an dierft och bis Ufank Februar unhalen.De Ministère gëtt dann och an engem Communiqué Recommandatiounen eraus, fir d’Ausbreede vum Virus anzedämmen. Heizou gehéiert d’Hänn wäschen, an e Nuesschnappech néitsen an houschten, d’Nuesschnappecher ewechgeheien, Kontakt mat kranke Persounen evitéieren a gutt lëften.Virun allem eeler Leit, Fraen déi schwanger sinn oder Risikopersoune sollen sech da wa méiglech impfe loossen, esou d’Recommandatioun vun der Santé.
Et soll ee se net op déi liicht Schëller huelen: D’Gripp. An déi ass de Moment um Virmarsch. Dofir huet de Gesondheetsministère an engem Schreiwes eng Lëscht mat Hygiènesreegele publizéiert. D’Autoritéiten hunn nämlech de Moment eng ganz Partie Grippefäll rezenséiert an rechnen domadder, datt de Seuil épidémique Mëtt Januar kéint erreecht ginn, an d’Zuel vun de Fäll a Krankmeldunge massiv zouhuele wäerten, bis Ufank Februar. Op wat een dofir elo soll oppassen, huet den Dokter Pierre Weicherding vun der “Direktion de Santé” erkläert.
Wéi kann ech mech virun der Gripp schützen? Do ass et natierlech d’Impfung, déi verhënnert, datt ech mech mam Virus infizéieren. Där Vaccinë ginn et och nach an den Apdikten, heescht et vun der Santé. An et si virun allem Risikogruppen, déi dorobber sollten zeréck gräifen, esou den Dokter Pierre Weicherding:
“Dat ass mol d’Leit iwwert 65 Joer, mat chronesche Krankheeten, Leit mat engem schlechten Immunsystem, solle sech impfe loossen. An wou ëmmer drop gepocht gëtt, si schwanger Fraen. Si sollen sech wärend der Schwangerschaft impfe loossen, dat ass ganz wichteg fir sech selwer a fir d’Kand, dat op d’Welt kënnt. Dat ass matgeschützt.” Donieft heescht et an d’Schnappech néitsen an houschten, seng Nuesschnappecher och ewechgeheien, an d’Raim gutt lëften. An natierlech den A an O: D’Hänn gutt wäschen: “D’Hänn ganz dacks wäschen. Virun allem wann een ësst. Et soll een se op mannst 30 Sekonne laang wäschen, fir op mannst de Virus vun der Hand ofzewäschen.” D’Symptomer vun enger Gripp sinn dann och ganz séier a gutt ze gesinn, an déi kënnen eng Persoun eng Woch laang aus der Bunn geheien: “Dat éischt ass héicht Féiwer, Halswéi, Schnapp, Houschten. Dono kënnt ee méi staarken Houscht mat Schläim, et kënnt zu Muskelpéng a Kappwéi. An d’Féiwer gëtt ganz héich herno. Dat dauert e puer Deeg.” 80 Stierffäll géif ee pro Woch hei zu Lëtzebuerg hunn. Wärend der Grippeperiod, géifen déi op ronn 120 klammen. Dat ass bedéngt doduercher, datt geschwächte Leit duerch de Virus nach méi schwaach ginn: “Mir verfollegen d’Stierffäll. Dat sinn 3 bis 4, déi op direkt Awierkung vun der Gripp zeréck ze féiere sinn. Déi aner alleguerten, si Leit déi eng aner chronesch Krankheet hunn, déi duerch den Afloss vun der Gripp verschlëmmert gëtt.” Ma de Moment klammen net nëmmen d’Grippefäll, och d’Zuel vun de Leit, déi sech mam Norovirus infizéiert hunn, klëmmt. Et ass eng ganz staark an héichustiechend Krankheet, mä eng ganz kuerz, esou den Dokter Pierre Weicherding. Dee Virus provozéiert bannent nëmmen e puer Stonnen Iwwelzegkeet. An duerno Duerchfall: “Dat ass ganz erwaart zu dëser Joreszäit. Dee Norovirus daucht ëmmer am Spéithierscht op, an dauert bis an den Ufank Fréijoer eran. Deen zirkuléiert och elo. Deen ass awer ganz kuerz. Deen ass ganz séier ustiechend. Bannent bal 6 Stonnen huet een d’Symptomer. Dat ass vill Iwwelzegkeet, staarkt Erbriechen. Duerno kënnt et zu Bauchwéi mat staarken Duerchfall. Dat fir een - zwee Deeg an dann ass et gedoen, dann ass déi Saach eriwwer.”
An hei hëlleft just eppes. Ganz vill Drénken, fir datt de Waasser a Salzgehalt am Kierper nees am Equiliber ass. A fir ze verhënneren, datt de Virus sech vu Mënsch op Mënsch iwwerdréit, soll een och hei seng Hänn reegelméisseg wäschen.
Démarrage de la saison grippale au Luxembourg (27.12.2019) | |
| |
Au courant de la semaine du 23 décembre, les premiers cas de grippe ont été recensés au Grand-Duché par le système Sentinelle du LNS. On compte à présent 6 cas, qui se répartissent en 2 cas de virus AH1, 2 cas de virus AH3 et 2 cas de virus B. La Direction de la santé estime que le seuil épidémiologique sera probablement franchi pour la grippe saisonnière au Luxembourg dans la première moitié du mois de janvier. Le nombre de cas de grippe et l’absentéisme qui en résulte risquent d’augmenter fortement à partir de la deuxième moitié de janvier 2020 jusqu’au début février. Le virus de la grippe se transmet facilement d’une personne à l’autre par l’intermédiaire de microgouttelettes et de particules secrétées par les sujets infectés lorsqu’ils toussent ou éternuent. La grippe tend à se propager rapidement lors d’épidémies saisonnières. Respecter les règles d’hygiène! Le respect des règles d’hygiène classiques est donc primordial pour éviter la propagation rapide de l’épidémie:
La grippe saisonnière et virale se caractérise par des symptômes d’une forte intensité survenant brutalement:
C’est l’occasion de faire une petite piqûre de rappel: Faites-vous encore vacciner! Afin de limiter la propagation de la grippe, le ministère de la Santé réitère son appel à la population - et plus particulièrement aux personnes âgées de plus de 65 ans, femmes enceintes, personnes à risque et professionnels de la santé - de se faire encore vacciner avant le début de la saison épidémique. Pour la population-cible à risque, le vaccin antigrippal est pris en charge par la Caisse nationale de santé. Il est encore disponible en pharmacie et délivré sur ordonnance médicale. Le vaccin contre la grippe reste la meilleure protection pour éviter les complications de la maladie. 15 jours après la vaccination, le système immunitaire est déjà prêt à se défendre contre le virus de la grippe. L’immunité persiste pendant au moins six mois. Pour des informations supplémentaires, veuillez consulter le portail de la Santé www.sante.lu ou le site www.grippe.lu. |
RTL NEWS: D’Gripp ass zu Lëtzebuerg ukomm - Héichpunkt am Februar erwaart