E gréissert Accident gouf et gëscht Owend um hallwer 9 op der Stréck tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff. 2 Autoe sinn do anenee gerannt a 5 Persoune goufe blesséiert.
Wéi d’Police präziséiert, war en Auto, deen a Richtung Waldhaff ënnerwee war vun der Bunn ofkomm, hat en éischten Auto gesträift an ass e puer Meter méi wäit du frontal an e weidere Won gerannt. Eng Persoun gouf uerg blesséiert.
Wéi sech méi spéit erausgestallt huet, stoung de Chauffeur vum accidentéierten Auto ënnert Alkoholafloss. De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert, d’Streck huet misste fit e puer Stonne gespaart ginn.
Géint hallwer 11 huet op der A13 a Richtung Schengen een Auto Feier gefaangen. Do blouf et awer beim Materialschued, sou mellt et de Moien de CGDIS.
