Géint 4 Auer an der Nuecht goufen d’Pompjeeën aus der Stad, vun Hesper an Nidderaanwen geruff, well et an engem Appartement um Sennengerbierg gebrannt hat. Eng Persoun, e 60 Joer ale Lëtzebuerger, gouf hei uerg verwonnt.
Wéi d’Police e Samschdeg de Mëtteg matgedeelt huet, ass de Mann e Freideg am Nomëtteg u sengen uerge Blessure gestuerwen.
