Dat huet de Chamberpresident Fernand Etgen um Neijoerschpatt vun der Chamber e Méindeg am fréie Mëtteg annoncéiert. 14 Kandidature fir de Poste vum Generalsekretär goufen zeréckbehalen. En Dënschdeg ginn déi lescht Interviewe gemaach a schonn Enn Januar sollen d’Deputéiert iwwer ee Kandidat ofstëmmen.
Och sollen en neien informatesche System an e moderniséierten Internetsite a Betrib geholl ginn. D’Chamber wëll sech un d’Defie vun der digitaler Welt upasse a sech déi néideg Moyene fir dësen Iwwergang ginn. Dat soten de Chamberpresident Fernand Etgen an de Generalsekretär Claude Frieseisen e Méindeg de Moien um Neijoerschpatt vun der Chamber.
Iwwerdeems sollen d’Deputéiert d’Méiglechkeet kréien, sech vun internen an externen Experte beroden ze loossen, zum Beispill an deem komplexe Sujet vum Klimawandel, sou de Fernand Etgen.
Nieft dem Chamberpresident waren eng ganz Partie Deputéiert op der Receptioun. Den Alex Bodry, deen d’Chamber jo verléisst, hat sech dës Geleeënheet och net entgoe gelooss. Grad ewéi de Premier Xavier Bettel an d’Presidentin vum Staatsrot Agny Durdu.
An der Administratioun vun der Chamber schaffen 103 Leit.