
An de Schoule féiert dat zu enger Situatioun, déi iwwerall anescht gehandhaabt gëtt: verschidde Primärschoulen hunn e Mëttwoch de Mëtteg an e Freidegmëtteg fräi ginn, anerer net. Och a Lycéeë gëtt et keng eenheetlech Linn. An dat suergt nawell fir Kritik. Elteren, Schüler, Léierpersonal an och d'Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL loosse kee gutt Hoer un der Politik. Et wier Kuddelmuddel an net gutt organiséiert, wann all Gemeng eenzel decidéiert, ob et fräi gëtt oder net. Den Educatiounsminister relativéiert. D'Situatioune wieren ze ënnerschiddlech, fir eng eenheetlech Reegel anzeféieren.
"D'Gebailechkeete sinn natierlech ganz ënnerschiddlech. Dat ass kloer, oder all d'Gebaier vun de Grondschoulen, do sinn d'Gemenge responsabel, do ass et scho relativ schwéier, fir eis selwer den Iwwerbléck ze kréien. A bei de Lycéeën ass et natierlech och en Ënnerscheed, ob elo e Lycée virun dräi Joer gebaut gouf oder ob et een ass, dee virun 100 Joer scho gebaut gouf, vläicht déi eng oder anere Kéier e bësse renovéiert ginn ass. Do léisst sech och net alles maachen dran, wat elo dann d'Protektioun géint d'Hëtzt ubelaangt. An duerfir soe mer och do nach eng Kéier Kéier, dat muss lokal gekuckt ginn. An ech vertrauen, souwuel den Enseignanten, wéi och den Direktiounen, datt se do raisonnabel Léisunge fannen."
SEW kritiséiert schlecht equipéiert Klassesäll a fuerdert Investitiounen
Fir den SEW ass de Problem net, ob een hëtztfräi kritt oder net, mee et géing ëm d'Konditiounen an de Schoul-Gebaier goen, erkläert d'Porte-Parole Vera Dockendorf.
"Am Fong hate mir d'lescht Joer schonn esou een oppene Bréif an e Communiqué gemaach, an dëst Joer alt nach eng Kéier, an et sinn am Fong déi nämmlecht d'Doleancen, déi mer hunn. Mir sinn do ganz op der Säit, datt schoulfräi elo net d'Léisung ka sinn, eeben och wéi de Minister seet, doheem ass et bei ville Kanner och net besser, d'Eltere musse schaffen etc. Mee wou awer muss dran investéiert sinn, dat ass einfach, datt d'Schoulen dofir gerüst sinn. Also mir hunn a ville Klassesäll net d'Méiglechkeet, uerdentlech Schied ze maachen, d'Fënstere richteg opzemaachen. [...] An dass een dann einfach déi Klassesäll, déi d'Temperatur iwwerschreiden, no rüst, datt een do kuckt, fir Lëftung eranzekréien, fir Klimaanlag eranzekréien."
Educatiounsminister setzt op lokal Entscheedungen a Flexibilitéit
De Minister huet ënnerstrach, datt de Ministère national Richtlinne festgeluecht huet. Besonnesch vulnerabel Kanner, zum Beispill ganz jonk Schüler, Kanner mat spezielle Besoinen oder gesondheetleche Problemer kënnen doheem bleiwen an entschëllegt ginn. Gläichzäiteg misst awer och berécksiichtegt ginn, datt vill Elteren op d'Schoul-Betreiung ugewise sinn.
"Et ass net esou einfach, fir ze soen, d'Kanner sollen doheem bleiwen. Éischtens ass et doheem och waarm. Da si vill Kanner, déi doheem net surveilléiert wären, déi eleng doheem wären, déi eleng der Hëtzt ausgesat wären. Et ass jo net wéi wa mer an engem Land géife liewen, wou jiddereen en Swimmingpool am Gaart hätt an eng Klimaanlag doheem hätt. [...] Mee mer hunn awer och eng national Reegel, dat ass, datt d'Kanner virun allem an de Grondschoulen ëmmer musse kënne surveilléiert ginn, well mer wëssen, mir géifen d'Land jo lahm leeën, wa mer einfach géife soen, d'Kanner bleiwen alleguerten doheem, well da kënnt d'Elteren och net méi schaffe goen."
D’Fro no méi resilient Schoulen an der Zukunft
Fir den Educatiounsminister ass et kloer, dass ee muss kucken, fir sech fir d'Zukunft anescht opzestellen an d'Schoule méi resilient ze maachen. Mee ganz allgemeng gëllt:
"Et ass waarm fir jiddereen. Egal wou ee schafft, ob een an der Schoul schafft, ob een an d'Schoul geet oder ob een doheem ass."
Op alle Fall wäert et net déi leschte Kéier sinn, dass mer iwwer d'Hëtzt diskutéieren. Iwwer Caniculle wéi dës an d'Konsequenzen dovun op eis Gesellschaft diskutéiere mer och dëse Samschdeg an eiser Emissioun Background.