
Wéi ons Kolleege vun RTL 5 Minutes mellen, huet de Mann sech en Donneschdeg de Moien op d‘Loyersgesetz vun 2006 beruff, wou am Artikel 3 ënnert anerem steet, datt e Loyer iwwert ee Joer gekuckt dem Proprietär net méi wéi 5% vum investéierte Kapital erabrénge kann.
D’Wunneng, ëm déi et geet, gouf 1957 opkaf. Dem Locataire no hätt d’Wunneng deemools missen tëscht 600.000 an 1.000.000 Frang (15.000 bis 25.000 Euro) kaschten. Géing een d’Gesetz applizéieren an dem “coefficient de réévaluation” Rechnung droen da misst hien tëscht 500 a 700 Euro bezuelen.
D’Affekotin vum Besëtzer huet hirersäits betount, datt de Loyer vun 1.500 (ouni d’Chargen) ni eropgesat gouf an de Proprietär beispillsweis an nei Fënsteren investéiert huet. Kuckt een wéi eng Präisser aktuell um Lampertsbierg gefrot ginn, wieren 1.500 raisonnabel, sou nach d’Affekotin, déi eng Expertise gefrot huet. De Montant vun 2.000 Euro gouf e Moien erwäänt.
D’Urteel gëtt d’nächst Woch en Donneschdeg gesprach.
Am Joer 2014 hat e Locataire Recht kritt a säi Loyer fir e Studio vu 600 op 250 Euro erofgesat an 20.000 Euro zeréckbezuelt kritt, hat d’Wort deemools bericht.