Am Virfeld vun der Vakanzefoire huet de Statec sech fir d'Reese vun de Residenten interesséiert. 70% gi reegelméisseg an d'Vakanz.

Vu sämtleche Befroten hunn 43% ausgesot un d'Mier ze fueren, 43% maachen awer och gär e City-Trip an 19% gi léiwer an d'Bierger. Eppes iwwer d'Hallschent huelen de Fliger, 42% den Auto a 6% den Zuch oder de Bus.

An der Moyenne bleiwen d'Leit 11 Deeg an der Vakanz fir 137 Euro den Dag. Wärend der Vakanz ginn se eppes iwwer 1.100 Euro aus.

44% verbréngen d'Vakanz am Hotel, 22% bei der Famill oder Frënn, 15% loune sech eppes an 13% hunn eng Résidence secondaire.

90% vun de Vakanze ginn an Europa verbruecht. Beléiftsten Destinatioune sinn der Rei no Frankräich, Italien, Portugal a Spuenien.