Ass den Patientendossier a Saachen Dateschutz mam Police-Fichier ze vergläichen?

All Mënsch, deen zu Lëtzebuerg krankeverséchert ass, kritt zanter dem 1. Januar en “Dossier de soins partagé”.
En Dossier also, an deem Krankheeten, Traitementer a medezinesch Prestatioune kënne festgehale ginn. Den deementspriechende Reglement grand-ducal ass Ugangs dës Joers a Kraaft getrueden. Jidderee gëtt an den nächste Méint kontaktéiert, mat Informatiounen iwwert dësen Dossier, a wann en net domat d’accord ass, kann en den Dossier nees zoumaache loossen (et ass also en “Opt-Out” System).
D’Deputéiert an den zoustännege Chamberkommissioune krute Präzisiounen zum Patientendossier, virun allem am Zesummenhang mam Dateschutz. De CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet no der Kommissioun bedauert, datt den DSP iwwert e Règlement Grand-Ducal an net iwwert e Gesetz gereegelt gëtt.
"Dir wësst, well der déi Diskussioune suivéiert hutt an der Justizkommissioun an an der Interieurskommissioun, datt do esou wuel d'Justizministesch, wéi de Policeminister ganz kloer gesot hunn, mir brauchen e Gesetz, mir mussen e Gesetz maachen. Hei geet elo déi nämmlecht Regierung dohinner, mat zwee anere Ministeren, an déi decidéiert op ee mol "hei geet e Règlement grand-ducal duer, opschonn d'CNPD seet, dat geet net duer."
D’Dateschutzkommissioun hat an hiren Avisen gefuerdert, datt verschidden Aspekter missten am Gesetz verankert sinn, virun allem wat d’Conservatioun vun den Donnéën an d’Protektioun vun de Mannerjäregen ugeet.
Den LSAP-Deputéierten a President vun der Gesondheetskommissioun Mars di Bartolomeo ass der Meenung, datt fir den Ament kee Gesetz néideg wier, et wier een awer bereet, nozebesseren, wann ee Probleemer géif feststellen. Senger Meenung no wier et awer falsch, de Verglach mat der Diskussioun ronderëm den Dateschutz bei Police a Justiz ze zéien.
"Mir sinn hei an enger ganz anerer Philosophie, wat de Patientendossier ugeet, wéi bei deene Fichieren, déi et bei der Justiz a bei der Police gëtt. Hei schafe mer eng Plattform am Interet vum Patient, am Interet vun deene beschtméigleche Soinen, a mir schafen hei keng Dunkelkammer. Deen Dossier, dee gehéiert dem Patient an de Patient huet all Zäit Asiicht a säin Dossier a kann all Zäit kontrolléieren, wien Accès huet a wien Accès geholl huet zu sengem Dossier."Zwee Punkten, déi awer op alle Fall nach missten iwwerpréift oder gekläert ginn, wier de Schutz vun de Mineuren an d'Sanktiounen, wann ee sech illegal géif Zougrëff verschafen.